Gesondheetsskeess OGBL: Leeschtunge vun CNS sollen net gekierzt ginn

Léiwer d'Cotisatiounen eropsetze wéi Leeschtunge kierzen: dat ass d'Positioun vum OGBL fir den Defizit bei der CNS auszegläichen. Och en Ophiewe vun der Deckelung kéint d'Léisung sinn, seet d'Lynn Settinger.

Maurice Molitor / cbi

Lynn Settinger
D'Lynn Settinger schafft beim OGBL um Dossier Sécurité sociale a vertrëtt d’Interessie vun den Assuréen am Verwaltungsrot vun der CNS

De maximale Cotisatiounsniveau läit aktuell bei 3,05 Prozent vu fënnef mol de Mindestloun, och wann ee méi wéi dat verdéngt. D'Lynn Settinger vum OGBL kéint sech virstellen, datt een op siwe mol de Mindestloun eropgeet, oder d'Deckelung souguer ganz kéint ophiewen.

"Da kéint ee bis zu 258 Milliounen Euro op ee Coup erakréien", esou d'Analys vum OGBL. Dat kéint deemno wéi dozou féieren, datt Leit, déi manner wéi fënnef mol de Mindestloun verdéngen, vläicht guer net méi misste cotiséieren.

CNS soll méi en charge huelen

D'Lynn Settinger vum Onofhängege Gewerkschaftsbond mengt, d'Gesondheetskeess misst an Zukunft zousätzlech Leeschtungen en charge huelen, an nennt als Beispill d'Zännmedezin:

"Mir wëssen alleguer, dass wa mer bei den Zänndokter ginn, dass mer awer zimmlech déif an eis Täsch musse gräifen. An hei geet et dann awer drëms, fir de Leit e bësse méi entgéint ze kommen."

D'Gesondheetskeess wäert dëst Joer mat engem änlechen Defizit ofschléisse wéi dat lescht: ronn 55 Milliounen Euro. Et muss also nees eemol an d'Reserv gegraff gi, fir d'Konten auszegläichen.

Mee well déi Reserv net onendlech ass muss gläichzäiteg driwwer nogeduecht ginn, wéi ee Recetten an Depense kuerz- oder spéitstens mëttelfristeg nees an en Equiliber kritt.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Paulette Lenert bei der Quadripartite zu Munneref
Gesondheetskeess

D'Finanze vun der CNS bleiwen am roude Beräich: Den Defizit läit fir 2022 viraussiichtlech bei 55 Milliounen Euro. Dat Joer drop soll e bei 10 Milliounen Euro leien. D'Reserve kéinte bis 2027/28 opgebraucht sinn.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen