Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat gëtt aus de 56 Propose vum Klimabiergerrot?

Joëlle Welfring

Wat gëtt aus de 56 Propose vum Klimabiergerrot?

An der Consultatiounsdebatt an der Chamber war e Méindeg de Mëtteg net erauszehéieren, wéi eng vun de 56 Propose vum Klimabiergerrot iwwerholl ginn a wéi eng net. D'Ëmweltministesch Joëlle Welfring seet, et géif een elo konkret doru schaffen, an Enn Februar soll en Avant-projet virleien.

auto_stories

2 min

Dräi an eng hallef Stonne laang huet d'Chamber e Méindeg de Mëtteg iwwer d'Aarbecht vum Klimabiergerrot diskutéiert - inhaltlech iwwer déi 56 konkret Propositiounen, mee och iwwer d'Aart a Weis wéi dee participative Prozess vun der Biergerbedeelegung.

D'Regierung hat dës Consultatiounsdebatt gefrot: Si wollt gewuer ginn, wat déi verschidde Parteien am Parlament vun där Experienz a vun deem, wat dobäi erauskoum, halen.

Vun de 56 Propose vum Klimabiergerrot géif elo "konkret geschafft" ginn, sot d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring de Muergen op der Antenn.

Avant-projet kënnt Enn Februar

Wéi eng Virschléi vum Biergerrot um Enn an den neie PNEC (den Energie- a Klimaplang) afléissen, wäert Enn Februar feststoen, wann de Regierungsrot en Avant-projet virgeluecht kritt. Déi definitiv Versioun vum aktualiséierte Plang muss dann nach virum Summer op Bréissel geschéckt ginn.

An deene leschte Jore wier ganz vill ëmgesat ginn, speziell an den erneierbaren Energien an am Ausbau vum ëffentlechen Transport, seet d'Joëlle Welfring. Elo misst een eng "sozial gerecht Transitioun" am Fokus behalen:

"Wat och ëmmer mir maache muss eppes sinn, wat d'Leit verstinn a wou d'Leit och matginn op dee Wee. Klimaschutz geet nëmme mat de Leit, net géint d'Leit. An dat ass eppes wou mir eis och mussen d'Moyene ginn, fir och an der Consultatioun an och doriwwer eraus déi néideg Echangen ze hunn, dass dat och verstane gëtt."