Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Gesetzleche Kader fir obligatoresch Stagen ass net bekannt genuch"

ACEL

"Gesetzleche Kader fir obligatoresch Stagen ass net bekannt genuch"

Haut um Donneschdeg ass den Optakt vun der Studentefoire um Belval. D'Presidentin an de Vizepresident vun der ACEL erklären, datt méi Efforte gebraucht gi fir de gesetzleche Kader fir obligatoresch Stagë méi bekannt ze maachen. Si erzielen awer och, wéi eng Trends een aktuell bei de Studien-Destinatioune gesäit.

auto_stories

3 min

Op der Studentefoire um Belval kënne SchülerInnen aus den ieweschte Lycées-Klasse sech iwwer Studieméiglechkeeten heiheem an am Ausland informéieren, awer och iwwer aner Initiativen - wéi zum Beispill d'Aktioun "Student fir een Dag", déi all Joer an der Ouschtervakanz organiséiert gëtt.

D'Presidentin vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentencercelen (ACEL), d'Polina Bashlay, an de Vize-President Yannick Bertrand representéieren d'Studentevereenegung op der Foire.

Gesetzleche Kader fir obligatoresch Stage muss méi bekannt ginn

Zanter zwee Joer gëtt et e gesetzleche Kader fir obligatoresch Stagen, déi jonk Leit am Kader vun hire Studie maache mussen. Do geet et ëm aarbechtsrechtlech Punkten, awer och ëm d'Remuneratioun. D'Presidentin vun der ACEL, d'Polina Bashlay, huet am 100,7-Interview op Problemer higewisen, déi et bei der Applikatioun vun deem Gesetz ginn.

Engersäits wier d'Gesetz net bekannt genuch, an et missten Efforte gemaach gi bei de Patronen, fir datt déi wéissten, datt et dëse gesetzleche Kader fir de Stage gëtt. Mee och bei de StudentInne misst een en Effort maachen, fir datt si wéissten, datt si e Recht op z.B. Remuneratioun hunn, esou d'Polina Bashlay.

En anere Problem wier awer och, datt Studente keng Stage-Plaz fannen:

"(...) well Entreprise vun deem Gesetz wëssen an da soen: et deet eis leed, mir hu kee Budget, mir kënnen dech net bezuelen, da kënne mer dech net huelen. Dat ass natierlech och e ganz grousse Punkt, well fir eis als ACEL ass et wichteg, datt de Student, wann hien en obligatoresche Stage maache muss, datt dee säi Studium och fäerdeg gemaach kritt."

Studien-Destinatiounen: Trend weider an d'Ausland

D'Studentevereenegung ACEL war dovun ausgaangen, datt no der Corona-Pandemie d'Studenten éischter méi no ronderëm d'Grenzen op d'Uni géife goen. Dat hätt sech awer net confirméiert, seet hir Presidentin, d'Polina Bashlay.

Dat wier och bei der Initiativ "Student fir een Dag" vun der ACEL opgefall, bei där d'Lycéesschüler konnte verschidden Unie kucke goen. Den Trend géif nees méi wäit a Richtung Ausland goen, Éisträich oder Berlin zum Beispill. Plazen, op déi ee mam Fliger misst fléien, wiere ganz beléift:

"Do mierke mir, datt den Trend bäibehale gëtt, wäit an d'Ausland ze goen. Mee bekannt Stied wéi Bréissel a Stroossbuerg bleiwen awer net lénks leien, do ginn och ëmmer nach vill Studenten hin."

Impakt vu Brexit ass bemierkbar

Duerch de Brexit wier et méi schwiereg gi fir an England ze studéieren, sou nach d'ACEL-Presidentin.

Dofir géifen an der Tëschenzäit méi Studenten an Holland goen, well do och Englesch-Course géifen ugebuede ginn:

"Et mierkt ee jo schonn direkt, datt een e Visa braucht, an datt een extrem héich Inscriptiouns- (also Unis-)Käschten huet an England, an dofir ass oft d'Alternativ, déi ergraff gëtt Holland, wat méi no läit a wou och Coursen op Englesch ugebuede ginn."