De Fabricio Costa huet ënner anerem kritiséiert, et wären ze vill Ausname virgesinn, an deenen déi proposéiert Steieren dann awer net gräifen.
Mobiliséierungssteier wier problematesch
Den Haaptproblem géif ee virun allem bei der Mobiliséierungssteier gesinn, well do e ganz groussen Deel vun Terraine géif erausfalen.
Dofir wier d'Fuerderung un d'Ministesch ganz kloer: "datt si do nach eng Kéier nobessert, dat Gesetz séier verbessert, an dann och dofir suergt, datt et esou séier ewéi méiglech ka gestëmmt ginn."
Déi jonk gréng kritiséieren och, datt d'Mobiliséierungssteier op eidele Bauterrainen net soll gräifen, wann den Terrain zeréckgehale gëtt fir datt d'Kanner vum Proprietär kënnen drop bauen. Dëst géif op eng Minoritéit vu Jonker zoutreffen, wou d'Famill esou een Terrain geierft oder kaaft hätt:
"An all déi aner, wou dat net de Fall ass - an dat ass déi grouss Majoritéit - déi kënnen net dovu profitéieren. Mir gesinn do wierklech de Problem, datt duerch déi Klausel d'Wierksamkeet vun der Steier fir géint d'Logementskris virzegoe quasi annuléiert gëtt."
Fir dat ze evitéieren, proposéieren déi jonk gréng datt bei der Mobiliséierungsklausel op déi sougenannt Kannerklausel verzicht gëtt.