Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Local Natives - When Am I Gonna Lose You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Esch brauch och Jobs, wou ee mat den Hänn schafft"

Chômage

"Esch brauch och Jobs, wou ee mat den Hänn schafft"

De Sozialschäffe vun Esch weist sech zefridde mat der Entwécklung vum Site Esch-Belval. De Christian Weis sot de Moien op der Antenn, um Belval wier mam Uni-Campus a verschiddenen Administratiounen e Géigepol zur Stad entstanen, wou nei Aarbechtsplaze geschaf ginn. Et missten awer och Aarbechtsplazen ugebuede gi fir déi een net onbedéngt en Unis-Diplom brauch.

auto_stories

2 min

Um Belval wieren an de leschte Joren zwar vill nei Aarbechtsplazen entstanen, mee vill Leit déi zu Esch wunnen, hätten awer net dovu profitéiert, well si net déi néideg Ausbildung hunn an éischter manuellen Aarbechten noginn, esou den CSV-Politiker Christian Weis:

"De Problem ass, wann ech et esou ka formuléieren, datt déi Escher Populatioun net déi Aarbechtsplazen do fënnt, well si nach aner Aarbechtsplaze bräicht, déi awer eventuell nach op anere Plaze kënnen entstoen."

De Christian Weis wëllt sech dowéinst dofir asetzen, datt an de neie Quartieren, déi am Moment zu Esch entstinn, och Aarbechtsplazen ugebuede gi fir déi een net onbedéngt en Unis-Diplom brauch.

An deem Sënn ënnersträicht den CSV-Politiker datt et wichteg wier, datt an neie Quartieren zu Esch och manuell Aarbechtsplaze geschaf ginn:

"Ech denke ganz konkret un d'Metzeschmelz, ech denken un de Crassier Terres Rouges, wou sech wäerte Saachen entwéckelen, a wou mir och mussen, oder wëllen - ech op jidder Fall - do eng Dier opmaache fir datt mir och nach eng Industrie, eng Produktioun kënnen dohi kréien. Datt mir eben och nach Aarbechte kënnen dohi kréien, wou ee méi mat den Hänn, wéi hanner engem Computer oder a Bicher schafft."