Radioen

On air

Notturno  |  Fumage - The Way Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joëlle Welfring zitt e gemëschte Bilan aus der Weltklimakonferenz

No der COP27

Joëlle Welfring zitt e gemëschte Bilan aus der Weltklimakonferenz

D'Ëmweltministesch Joëlle Welfring schwätzt vun enger "staarker Symbolik" am Zesummenhang mam Kompensatiounsfong, deem säi Prinzip zu Scharm El-Scheich acceptéiert ginn ass. Déi vulnerabelst Länner, déi am meeschten ënner de Konsequenze vum Klimawandel leiden, hätten 30 Joer dorop gewaart, sou d'Joëlle Welfring am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

Mat de Suen aus dem Kompensatiounsfong sollen déi Länner, déi am meeschten ënner de Konsequenze vum Klimawandel leiden, entschiedegt gi fir de Schued no Naturkatastrophen, déi op verännert klimatesch Bedéngungen zeréckzeféiere sinn. Déi konkret Modalitéite mussen awer nach gekläert ginn.

Ëmweltministesch zitt ee gemëschte Bilan

D'Joëlle Welfring ënnersträicht déi "ganz staark Symbolik" vun deem Fong: dat wier eng Fuerderung, déi d'Entwécklungslänner schonn zanter 30 Joer hätten.

"Et war also schonn eppes ganz Wichteges, fir déi do Saach ze deblockéieren"; esou d'Ëmweltministesch. Si wier "wierklech gudder Hoffnung", datt een op deem Punkt kéint weiderkomme fir ze weisen, "datt et eis eescht ass".

D'Joëlle Welfring begréisst dëse prinzipiellen Accord fir de Kompensatiounsfong, d'Ëmweltministesch bedauert awer, datt d'Zil fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze reduzéieren ee Moment op der COP27 a Fro gestallt gouf.

Et wier "batter", datt op der Weltklimakonferenz keng konkret Fortschrëtter a Saache Reduktioun vun CO2-Emissiounen an dem Erausklammen aus de fossillen Energië gemaach konnte ginn, esou déi gréng Ministesch am 100,7-Interview:

"Do sinn aner finanziell kuerzfristeg Interessen, déi där Saach do leider am Wee stinn, déi hunn do absolut dominéiert. Déi hunn zum Deel och, menger Meenung no, d'Presidence beaflosst, wéi mer gemierkt hunn an deene Verhandlunge vun deenen ambitionéierte Länner - an dat war net just Europa - mir konnten do eng gewëss Energie entwéckele mat anere Länner wéi Kanada, souguer d'USA (déi och zu deene méi ambitionéierte gehéiert hunn). Mee trotz där Front war den Afloss vun anere Kräfte méi staark."

COP27: Aktivist:inne "motivéieren zousätzlech"

Egal wéi schwéierfälleg a schwiereg d'Diskussiounen op den UNO-Klimakonferenze sinn: d'Ëmweltministesch fënnt de perséinleche Kontakt an den Austausch, deen do méiglech gëtt, fir wichteg.

D'Format vun esou enger grousser internationaler Konferenz eemol a Joer wëllt d'Joëlle Welfring net a Fro stellen: d'COP wier wichteg fir den Austausch ënnereneen an e bessert Verständnis vuneneen.

D'Ëmweltministesch betount och déi wichteg Roll vun der Zivilgesellschaft op dëse Konferenzen. Et wier wichteg, datt Aktivist:innen do sinn an datt d'Jugend sech manifestéiert an hir Messagë widderhëlt. "Dat motivéiert natierlech zousätzlech, sech anzesetzen", esou d'Joëlle Welfring.