Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Engel: "D'Vollek ass Geisel vun der Parteipolitik"

Chamber- a Gemengewalen 2023

Frank Engel: "D'Vollek ass Geisel vun der Parteipolitik"

De Spriecher vu Fokus seet, datt d'Trennung vun de Chamber- a Gemengewalen "widdersënneg" wier. Seng Partei fuerdert, fir d'Walen op deem selwechten Dag ze halen. De Frank Engel huet am Interview och iwwer seng "Sträitschrëft" mam Titel "Wuerfir nach Politik?" geschwat.

auto_stories

2 min

Duerch déi "widdersënneg" Trennung vun de Chamber- a Gemengewalen, géif dem Land ee ganzt Joer verluer goen, kritiséiert de Frank Engel. Fir Kommunalwalen op engem separaten Termin géif et senger Meenung no kee valabelt Argument ginn:

"Hei geet et einfach drëms, sech de Spaass ze maachen, Kandidate kënnen ze testen dräi Méint virun de Walen, ëm déi et de Parteien am Wesentleche wierklech geet."

De Fait, datt béid Walen an dat selwecht Joer falen, wier dem Frank Engel no och kee valabelt Argument fir déi zwee verschidden Datumer.

A wéi ville Gemenge Fokus eng Lëscht wäert opstellen, kéint hien nach net soen. De Frank Engel huet just ze verstoe ginn, datt et der "net onendlech vill" wäerte sinn. Bei de Chamberwale géif seng Partei awer an de véier Bezierker mat komplette Lëschten untrieden.

"Wuerfir nach Politik?"

Ënner dësem Titel huet de Frank Engel virun e puer Deeg e Bichelchen erausbruecht - hie selwer nennt et "eng Sträitschrëft", an där hie seng seng Iwwerleeungen zu enger Rei Theeme presentéiert.

Dorënner sinn och méi fundamental Froen, ewéi déi vun der Roll vun de politesche Parteien hautdesdaags. Seng nei Partei, Fokus, géif do nei Weeër wëlle goen, allerdéngs géif och si sech virun de Chamberwalen e Walprogramm ginn.