Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AMELUX: Meeschterprüfung mam Bachelor gläichstellen

Handwierk

AMELUX: Meeschterprüfung mam Bachelor gläichstellen

D'AMELUX fuerdert, datt d'Meeschterprüfung am Handwierk mam akademesche Bachelor-Diplom gläichgesat gëtt. Esou eng Opwäertung vum Diplom géif dem Handwierk zegutt kommen an d'Beruffsausbildung méi attraktiv maachen, erkläert de Christian Turk.

auto_stories

2 min

D'Fuerderung wier net aus der Loft gegraff, seet de Christian Turk, President vun der Associatioun AMELUX:

"Mir hunn eis Aarbecht gemaach an d'Kompetenze matenee verglach, wat ee fir ee Bachelor maache muss, a wat mir maachen. Mir hunn och d'Zäit gekuckt, wéi vill een investéiert. Also, mir zéien dat net einfach esou aus der Täsch."

Handwierk soll net "de leschte Choix" sinn

D'Vereenegung vun Handwierksmeeschteren an Handwierksléiermeeschtere stéiert sech virun allem un der Tatsaach, datt jonk Leit dacks net e positive Choix fir d'Handwierk maachen, mee just do landen, well et - no engem schouleschen Echec - déi lescht Optioun ass.

De Christian Turk bedauert, datt een automatesch an d'Handwierk gedréckt gëtt, wann een an de Sproochen oder an der Mathé net gutt wier, ob een dat wëllt oder net.

Beim Handwierk géif et "eng ganz Bandbreet vu wonnerbare Beruffer ginn", an déi Jonk géife sech dann eppes eraussiche wou se mengen, datt se gutt dra sinn.

"Mee et ass awer ganz dacks, datt déi Jonk net onbedéngt dat do maache wollten. An dat ass awer e bësse schwiereg, well stellt Iech vir, Dir musst eppes maachen, wat Dir net wëllt maachen: da gëtt et schwéier."