Radioen

On air

De Weekend  |  Django Django - Waking Up Feat. Charlotte Gainsbourg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: "Et feelt de staatlechen Hëllefen u Selektivitéit"

Finanziell Hëllef

Luc Frieden: "Et feelt de staatlechen Hëllefen u Selektivitéit"

De Luc Frieden kritiséiert déi staatlech Hëllefen: si wieren net selektiv genuch. Hie plädéiert fir méi geziilt Hëllefe fir just déi Leit, déi wierklech drop ugewise sinn a fir déi Betriber, déi besonnesch vulnerabel sinn.

auto_stories

2 min

De Luc Frieden ass President vun der Chambre de Commerce a fréiere Finanzminister

De staatlechen Hëllefe feelt et u Selektivitéit, kritiséiert de President vun der Chambre de Commerce. Dat wier scho virun der Kris esou gewiescht, wou de Staat nach all Moyenen hat, an dat wier och elo nach esou wou de finanzielle Spillraum méi enk ass, sot de Luc Frieden am 100,7-Interview.

"Och elo misste méi geziilt Hëllefe komme fir déi, déi et besonnesch brauchen an net fir jiddwereen. Och beim Gaspräisdeckel, bei den Energiepräisser muss ee méi kucken no deem Akommes, dat d'Privatleit hunn, a bei de Betriber, déi déi wierklech an der Nout sinn duerch déi extrem héich Energiepräisser.

De Luc Frieden plädéiert fir méi geziilt Hëllefe fir déi, an nëmmen déi Leit, déi et wierklech néideg hunn, grad ewéi fir déi Betriber, déi besonnesch vulnerabel sinn.

Ee gedeckelten Index

De fréiere Finanzminister mengt och, datt Lëtzebuerg sech enger Diskussioun iwwer e gedeckelten Index net weider schléissen dierft.

"Ech weess, datt dat zu Lëtzebuerg en Tabutheema ass, mee d'Fro vun engem plafonéierten Index - muss och do net méi Selektivitéit kommen?"

Et wier wichteg, datt déi Leit, déi wéineg Akommes hunn, och gehollef kréien, wann d'Inflatioun héich ass.

Eng Iddi wier et, datt jiddweree bis zu enger gewësser Zomm den Index kréich. De Luc Frieden nennt am 100,7-Interview d'Zomm vu 5.000-6.000 Euro. Déi Leit, déi méi wéi dës Zomm verdéngen, wieren op den Index et an deem Moos ugewise wéi deen, dee manner verdéngt.