Radioen

On air

Resonanzen  |  William Levi Dawson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Mergen: De Benevolat ass wichteg fir d'Integratioun

Asaz fir d'Gesellschaft

Martine Mergen: De Benevolat ass wichteg fir d'Integratioun

59 Prozent vun de Leit hei am Land si benevole engagéiert, sief dat heiansdo oder ganz reegelméisseg. Méi wéi all Zweeten zu Lëtzebuerg investéiert also e méi oder manner groussen Deel vu senger Fräizäit an en onbezuelten a fräiwëllege gesellschaftlechen Asaz.

auto_stories

2 min

D'Martine Mergen ass Presidentin vun der Agence du Bénévolat.

Dat huet eng ILRES-Enquête virun engem Joer erausfonnt. D'Presidentin vun der Agence du Bénévolat Martine Mergen freet sech iwwer déi Bereetschaft vun de Leit eppes ze maachen. Am 100,7-Interview weist si ganz besonnesch op d'Bedeitung vum Benevolat an engem prezise Punkt hin.

De Facteur Integratioun sollt ee beim Benevolat nämlech net vernoléissegen. D'Dierfer an d'Gemenge géifen immens séier wuessen an de Benevolat géif de Leit dacks hëllefe fir Fouss ze faassen.

"Et ass awer sproochlech e Problem. Wann Dir an e Comité gitt an engem Duerf, an do schwätzt jidderee lëtzebuergesch, an et ass keen dee sech Méi gëtt, dee Benevole mat der Hand ze huelen an e bësselchen anzeféieren an him déi wichteg Saachen z'erklären, da kritt deen awer ganz séier d'Flemm."

Eng Tendenz géif och am Benevolat ëmmer méi däitlech ginn: D'Leit wéilte sech dacks net méi liewenslaang engagéieren, mee géife sech éischter punktuell eppes sichen. Deelweis géifen d'Leit souguer Aktivitéite sichen déi se vun doheem aus kënne maachen, seet d'Martine Mergen.