Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lydie Polfer: "Ech wëll fir sechs Joer Verantwortung iwwerhuelen"

Gemengewalen 2023

Lydie Polfer: "Ech wëll fir sechs Joer Verantwortung iwwerhuelen"

D'Lydie Polfer wëllt weider sechs Joer Buergermeeschtesch vun der Stad bleiwen, wa si d'nächst Joer erëmgewielt géif ginn.

auto_stories

2 min

Wann d'DP an der Stad nach eng Kéier déi stäerkste Partie gëtt, da géif den oder déi Kandidat:in mat de meeschte perséinleche Stëmme Buergermeeschter ginn - egal, wien dat ass. D'Lydie Polfer seet, si géi de Wielerwëlle respektéieren.

Déi 70 Joer al DP-Politikerin seet am 100,7-Interview, si wéilt nach eng Kéier e ganzt Buergermeeschter-Mandat maachen - et sief dann, hir Gesondheet géif net méi matspillen.

"Et muss een allerdéngs och eng gewëssen Demut hu virum Liewen. Ech mengen, wa muer en Auto iwwer Iech fiert, da geet d'Welt awer weider. Mee ech kann nëmme vu mir soen: Wann d'Bierger:inne mir d'Vertraue schenken, da wäert ech déi Verantwortung och unhuelen."

D'Lydie Polfer huet och betount d'DP wéilt de Wielerwëlle respektéieren: Wann d'DP nach eng Kéier stäerkst Partei an der Stad gëtt, da géif de Kandidat mat de meeschte perséinleche Stëmme Buergermeeschter ginn - egal wien dat ass.

"Mir sinn eng Partei, déi bis elo ëmmer de Wielerwëlle respektéiert huet. An nach eng Kéier: Mir stellen eng Lëscht op, mee et ass de Bierger dobaussen, dee seet wien Éischtgewielte gëtt, Zweetgewielte gëtt, an Drëtten, Véierten, Fënneften. An dat hu mir bis elo ëmmer respektéiert."