Energie Enovos: Gasversuergung fir dëse Wanter geséchert

Wann d'Regierung d'Stroum- a Gaspräisser op der Säit vum Konsument net agefruer hätt, misst ee Stot mat dräi Awunner, wesentlech méi fir Gas a Stroum bezuelen. Fir ee Stot wieren dat am Joer zesummegerechent ronn 3.600 Euro méi ewéi ouni staatlech Bäihëllefen, seet de Generaldirekter vun Enovos, Erik von Scholz.

Carole Schimmer (Interview) / Chris Zeien (Web)

Erik von Scholz

Fir dëse Wanter wieren d'Gasreserve gutt gefëllt. Allerdéngs géif et fir nächste Wanter Schwieregkeete ginn, well kee Gas méi aus Russland kënnt. Wéinst russesche Liwwerungen déi feelen an Onsécherheet beim Gasverbrauch an Asien an och wéinst de Wiederkonditioune kéinten d'Gasreserven zum Schluss vum Wanter eidel sinn. "An da gëtt et méi schwiereg fir déi Gasspäicher bis November nächst Joer nees ze fëllen", sou den Erik von Scholz.

Et wier deemno nach ze fréi fir eng Entwarnung an Hisiicht vum nächste Wanter erauszeginn.

Och d'Klimakris kéint een zum Deel an de Grëff kréien, wann een Energie spuert an déi erneierbar Energien ausbaut, sou den Erik von Scholz.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Conseil vun den Energieministeren
ENERGIE-KRIS

Bis Enn November wëllen d'Energieministeren ee Pak vu Noutfallmesurë géint d'Hausse vun de Präisser adoptéieren. Virdru muss awer d'EU-Kommissioun legislativ Propose presentéieren. Déi loossen op sech waarden.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen