Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Bausch: Zwee wichteg Projete fir dat lescht Joer an der Regierung

Chamberwalen 2023

François Bausch: Zwee wichteg Projete fir dat lescht Joer an der Regierung

A sengem leschte Joer an der Regierung leien dem François Bausch zwee Projete besonnesch um Häerz: an der Mobilitéit ass dat de Contrat de service public vun der CFL.

auto_stories

2 min

De François Bausch ass zanter 2013 an der Regierung a strieft kee weidert Ministermandat un

Dëse Projet gëtt "dat deierst Gesetz, dat d'Chamber jee gestëmmt wäert hunn", sou de Minister.

An an der Defense ass d'Organisatioun (am Fréijoer) vun engem internationale Colloque iwwer ethesch Standarden am Ëmgang mat automatiséierte Waffen.

Erfarung bei de Chamberwalen abréngen

Et bleift derbäi: de François Bausch strieft kee weidert Ministesch-Mandat hunn. Dat huet de grénge Vizepremier am 100,7-Interview nach eemol confirméiert. Zéng Joer an Regierung géifen duergoen, seet hien.

De François Bausch geet awer nach eemol mat an d'Walen, a géif och - wann e gewielt gëtt - an der Chamber seng Erfarung wëllen abréngen, sou de François Bausch.

De grénge Vizepremier mengt, datt hie senger Partei an der Walcampagne vill brénge kann: Hie wéilt mat senger Erfarung hëllefen, datt déi gréng Partei och an Zukunft Bestand huet.

De François Bausch betount, datt him "dee Projet" wichteg wier, an datt déi gréng Partei och wichteg fir "eis Gesellschaft" wier: "D'Theemen, déi déi Partei kennzeechnen, déi si jo net fort. Dat sinn nach ëmmer déi selwecht".

Eng drëtte Oplag vun der Dräierkoalitioun?

De grénge Vizepremier seet, hie wier och opgeschloss fir eng weider (also drëtt) Oplag vun der blo-rout-grénger Koalitioun: d'Wieler missten dat awer decidéieren, esou de grénge Vizepremier.

"Et hänkt vum Kräfteverhältnis of. Mee dat heescht net - an dat gëllt, mengen ech, och fir d'DP an d'LSAP - datt mir d'CSV wéilten ausschléissen. Wann sech herno ergëtt, datt d'Wieler eng Koalitioun mat der CSV wëllen, da gëtt et eng mat der CSV. D'Leit sollen decidéieren. Mee a priori soll et tëscht deene véier Parteie keng Exklusioune ginn. Dat géif ech keng gutt Iddi fannen."