Radioen

On air

Resonanzen  |  Josef Myslivecek - Concerto fir Cello an Do Majeur, III. Tempo di minuetto - Wendy Warner (Cello), Camerata Chicago, Drostan Hall (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas ass fir eng Harmonisatioun vun de kommunalen Aiden

Aarmutsbekämpfung

Caritas ass fir eng Harmonisatioun vun de kommunalen Aiden

Den 11. Juni si Gemengewalen. D'Caritas hofft, datt wärend der Campagne net just iwwer Duerchgangs-Verkéier a Liewensqualitéit geschwat gëtt, mee datt och sozial Theemen zur Sprooch kommen. Och d'Gemenge spillen do eng wichteg Roll, well si kommunal Aiden u Leit verdeelen, déi op eng finanziell Ënnerstëtzung ugewise sinn. D'Caritas huet dofir am Virfeld vun de Gemengewalen eng Rei Revendicatiounen dozou formuléiert.

auto_stories

2 min

Am Fokus vun dëse Revendicatioune steet de Roll vun der Gemeng. Dat souwuel wat d'ekologesch Transitioun ugeet, Integratioun a Logementspräisser, mee virun allem och finanziell Aiden.

Kommunal Aiden sinn net ëmmer bekannt

Leit, déi finanziell schlecht dru sinn, kënnen nämlech nieft staatlechen Hëllefen och vun hirer Gemeng gehollef kréien. Allerdéngs sinn déi kommunal Aiden net ëmmer bekannt. A si wieren och vu Gemeng zu Gemeng zum Deel ganz ënnerschiddlech, seet déi politesch Spriecherin vun der Caritas Carole Reckinger.

Et dierft vu Gemeng zu Gemeng awer keng grouss Ënnerscheeder bei der Héicht vun de finanzielle Sozialhëllefe ginn. Dofir verlaangt d'Caritas eng gewëss Harmonisatioun vun deenen Aiden, awer keng Standardisatioun.

"Mir denken, et ass wichteg, datt eng Harmonisatioun kënnt. Datt et net dovun ofhänkt, wou ee wunnt ob een nach zousätzlech Hëllefe kritt a wéi vill."

Et sollt een awer net standardiséieren, well et och wichteg wier, datt d'Gemengen op Eenzelfäll kéinte reagéieren.

Aarmutsbekämpfung: Et feelt un enger laangfristeger Strategie

D'Gemenge sollten duerchaus e gewëssen Handlungsspillraum behalen, sou d'Carole Reckinger. Déi politesch Spriecherin vun der Caritas huet an deem Kontext drun erënnert, datt haut 20 Prozent vun de Leit hei am Land dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn.

"Mir bedaueren e bëssen, datt do nach ëmmer d'Scheiklappen ugedoe ginn. An esou kuerzfristeg ëmmer gekuckt gëtt: 'Ah jo, et ass elo déi hei Kris, elo hëllefe mir mol déi nächst dräi, véier Méint.' An dobäi ginn et awer och strukturell Ännerungen, déi néideg si fir déi Inegalitéiten an den (Aarmuts-)Risiko ze drécken."

Et géif een sech d'Fro stellen, wat eigentlech d'Laangzäit-Zil wier, seet d'Carole Reckinger. Der Caritas no misst de Prozentsaz u Leit, déi dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn, nees erofgedréckt ginn. Mee aktuell géinf eng laangfristeg Strategie fir d'Aarmutsbekämpfung feelen, seet d'Carole Reckinger.