Logement Illegal Loyershaussen: Mieterschutz fuerdert Stäerkung vu Mediatioun

De President vum Mieterschutz fuedert, datt d'Gemenge méi Méiglechkeete kréie fir ze schlichten, wann et zu Sträit tëscht engem Locataire a sengem Vermieter kënnt. Vill Gemengen hunn och haut scho Loyers-Kommissiounen, déi an esou Fäll solle vermëttelen.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Jean-Michel Campanella

Dës Kommissioune kéinten awer dacks näischt maachen, wann e Propriétär e Loyer illegal an d'Luucht setzt, esou de Jean-Michel Campanella. Hie fuerdert dofir, datt dës kommunal Schlichtungplazen an Zukunft méi Pouvoir kréien. Eent vun den Ziler wier et, datt Proprietären a Locatairen net esou dacks misste viru Geriicht goen, wat enorm Zäit géif kaschten an een enorm Käschte géif mat sech bréngen, sou de President vum Mieterschutz.

Et géif sech net ëmmer un d'Deckelung vum Loyer gehale ginn

De President vum Mieterschutz seet et géif sech "net esou richteg" un déi aktuell Deckelung vun de Loyere gehale ginn. Am Fong dierfen d'Loyere fir Privatwunnenge bis Enn des Jores net gehéicht ginn. Eng Rei Propriétär géifen awer probéieren, déi Reegel ze ëmgoen, an et wier fir d'Locataire schwéier sech dogéint ze wieren, esou de Jean-Michel Campanella vum Mieterschutz.

Et géifen awer net vill Locataire viru Geriicht goen, well se kee Sträit mat hirem Proprietär wéilte kréien a fir ze vermeiden, datt se virun d'Dier gesat ginn. Verschidde Proprietäre géifen dann einfach uginn, datt se de Logement fir "besoin personel" bräichten.

Et wier an esou Fäll da schwéier ze beweisen, datt d'Wunneng net wierklech fir perséinlech Zwecker benotzt gëtt, mee awer weider verlount gëtt, esou de Jean-Michel Campanella.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Wunnhaiser
Syvicol an CSL

D'Mietgesetz muss dem Locataire d'Méiglechkeet ginn ze iwwerpréiwen, ob de Loyer korrekt berechent gëtt, seet d'Chambre des salariés. De Gesetzesprojet iwwer de Bail à Loyer misst nogebessert ginn.

Euroen, en Haus an e Schlëssel
Staatlech Loyers-Hëllef

D'Caritas an d'Agence Immobilière Sociale begréissen déi nei Bestëmmunge fir Loyers-Subventiounen. D'Critèrë gi méi labber. Doduerch solle méi Leit vun deene staatlechen Hëllefe kënne profitéieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen