Radioen

On air

Notturno  |  Aoife Nessa Frances - Way To Say Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laurent Mosar probéiert Liene mat Sandstone ze verstoppen

Fall Frank Schneider

Laurent Mosar probéiert Liene mat Sandstone ze verstoppen

D'Lienen tëschent den zwou Firmen, déi de Laurent Mosar probéiert ze vertuschen, sinn aus aktuelle Grënn net irrelevant: De Lëtzebuerger Geschäftsmann a fréiere Geheimdéngschtmataarbechter Frank Schneider ass a Frankräich op Demande vun den USA festgeholl ginn, a riskéiert wéinst senger Roll am internationale OneCoin-Bedruch un d'USA ausgeliwwert ze ginn. De Laurent Mosar probéiert déi Ausliwwerung zanter Méint a Fro ze stellen.

auto_stories

4 min

De Geschäftsaffekot an CSV-Deputéierte Laurent Mosar war bis 2009 Member vum Verwaltungsrot vun der General Mediterranean Holding. Déi GMH war indirekt Matgrënner vun der Firma Sandstone vum Frank Schneider.

Am Juli 2008, wéi de privaten Informatiounsdéngscht aus dem Geheimdéngscht eraus gegrënnt gouf, huet GMH iwwer d'Société Financière Réolaise eng Participatioun vun 49 Prozent u Sandstone iwwerholl.

L. Mosar probéiert Lienen ze vertuschen

Wéinst dem ontransparente Gesellschaftsrecht zu där Zäit, kann een déi Société Financière Réolaise effektiv net der General Mediterranean Holding zouuerdnen, an dat huet de Laurent Mosar am 100,7-Interview probéiert auszenotze fir ze behaapten, d'Informatioune vun dësem Sender a vun anere Journaliste géifen net der Wourecht entspriechen:

"Ech wëll iech soen, datt déi Firma GMH, wou ech effektiv bis 2009 am Conseil war, à aucun moment - à aucun moment! - weder direkt nach indirekt Aktionär an där Gesellschaft war, an och iwwerhaapt net zum Finanzement vun där Gesellschaft bäigedroen huet".

Dat ass awer net richteg: Gutt informéiert Sourcen hunn dem radio 100,7 scho virun zéng Joer wärend der Srel-Affär gesot, datt sech GMH hanner der Société Financière Réolaise verstoppt.

F. Schneider huet Informatioune selwer confirméiert

Nach méi kloer ass, datt de Frank Schneider dëst selwer e puer mol confirméiert huet. Dem radio 100,7 géigeniwwer, an och schonn 2012 am Lëtzebuerger Land, wou de Frank Schneider an enger Oplëschtung vun de Sandstone-Aktionäre sot, d'GMH hätt Sandstone mat hierer "private equity branche" finanzéiert:

"Je suis d'ailleurs particulièrement fier que GMH, présent depuis 35 ans au Luxembourg, ait financé et placé sa confiance en Sandstone."

GMH huet déi Participatioun no der Srel-Affär an no de finanzielle Schwieregkeete vu Sandstone ofgetrueden. De Frank Schneider sot 2018 dem Lëtzebuerger Wort, GMH hätt Sandstone net méi als Prioritéit ugesinn:

"GMH, qui a accueilli en son conseil d'administration des huiles politiques locales en les personnes de Jacques Santer, Jacques Poos ou les Mosar père et fils (Nicolas puis Laurent), céderait progressivement ses parts selon le patron de Sandstone." D'Lëtzebuerger Wort schreift weider: "Les pertes, essentiellement liées aux frais de personnel, s'élèvent à quelque trois millions d'euros sur sept exercices financiers. Elles avaient été épongées par l'actionnaire principal General Mediterranean Holding, caché derrière des sociétés-écrans et des prête-noms."

GMH war indirekt Aktionär vu Sandstone

Et ass also ëffentlech etabléiert, datt d'General Mediterranean Holding indirekt Aktionär vu Sandstone war. Trotzdeem probéiert de Laurent Mosar dat ze dementéieren. Domat mécht hie genee dat selwecht, wéi de Laurent Ries, Affekot vu Sandstone a vum Frank Schneider. Deen huet gëschter Owend en Droit de Réponse verlaangt, an d'Informatioune vun dësem Sender als "issus de votre imaginaire" an "diffamatoires" bezeechent.

Och den Affekot probéiert auszenotzen, datt een d'Société financière réolaise am Registre de Commerce net kann der General Mediterranean Holding attribuéieren. Hie vergësst awer, datt säi Mandant selwer an Interviewen zouginn huet, wie sech dohannert verstoppt.

Weder Sandstone nach de Frank Schneider hätten e Lien mat der CSV oder mam CSV-Deputéierte Laurent Mosar, heescht et och nach. Wéi de Laurent Mosar de Moien hei an de Studio koum fir säin Interview, wousst hien awer, datt dëse Radio e Bréif vum Affekot vu Sandstone kréich.

Ausliwwerung vum F. Schneider an d'USA wéinst OneCoin-Bedruch

De Frank Schneider esou wéi seng Firma Sandstone sinn zu Lëtzebuerg wärend der Geheimdéngscht-Affär bekannt ginn, iwwer déi d'CSV-LSAP-Regierung vum Jean-Claude Juncker am Joer 2013 gefall ass.

De Frank Schneider steet aktuell nees an der Ëffentlechkeet, well d'US-Justiz him reprochéiert, mat responsabel ze si fir Fraude a Blanchiment am Kader vum OneCoin-Bedruch. Hei sollen e puer Millioune Leit weltwäit ëm e puer Milliarden US-Dollar bruecht gi sinn, an och Lëtzebuerg soll mat enger Partie Gesellschaften a Persounen eng Roll gespillt hunn.

D'CSV, mat virop dem Laurent Mosar, hätte gär, datt de Premier Xavier Bettel bei der franséischer Regierung intervenéiert, fir déi vun der franséischer Justiz decidéiert Ausliwwerung vum Frank Schneider un d'USA net ze vollstrecken.