Radioen

On air

Tockcity  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg huet säin EU-Gas-Späicher-Zil vu 15 Prozent erreecht

Energie

Lëtzebuerg huet säin EU-Gas-Späicher-Zil vu 15 Prozent erreecht

Lëtzebuerg ass, am Verglach mat anere Länner, relativ wéineg ofhängeg vu russeschem Gas. De Regierungskommissär fir Energiefroe schwätzt vun 13 Prozent, déi russesche Gas am nationale Gas-Mix géif ausmaachen.

auto_stories

2 min

Wat de Stockage vu Gas am Hibléck op den nächste Wanter ubelaangt, seet de Simeon Hagspiel:

"Et gëtt jo eng Obligatioun, déi ageféiert gouf elo rezent iwwer en EU-Reglement, datt all Land muss d'Gasspäichere fëllen - fir déi Länner, déi Gasspäicheren hunn. An déi aner Länner, déi net selwer e Gasspäicher hunn (wéi z.B. Lëtzebuerg) hunn d'Obligatioun fir 15 Prozent vun der nationaler Consommatioun ze stockéieren. An dat ass och eppes wat mir assuréiert hunn, wat mer och elo grad op Bréissel notifiéiert hunn."

Insgesamt wieren déi europäesch Gasspäicheren am Moment zu 78 Prozent gefëllt, sou de Simeon Hagspiel. D'Zil vun 80 Prozent, dat sech fir den 1. November gesat ginn ass, wäert also mat Sécherheet erreecht ginn.

Gas- a Stroumpräisser hänken zesummen

De Gas ass an dësen Zäite méi deier, well Russland de Krunn net méi esou grouss op- a mat Momenter souguer ganz zoudréint. Gas ass knapp an dofir deier.

D'Gaspräisser hunn och Auswierkungen op de Präis vum Stroum, well en Deel vum Stroum am Moment mat Gas produzéiert gëtt. Well franséisch Atomkraaftanlagen a generell och Waasserkraaftanlanage wéinst ze wéineg Reen net sou vill Stroum liwwere kënne wéi soss, dréit och dozou bäi, datt d'Offer u Stroum de Moment relativ kleng ass, wärend d'Demande weider héich bleift. Dat feiert d'Präisser weider un.

De merit order Prinzip wier iwwerdeems eng normal Aart a Weis fir e Marché ze organiséieren a keng Specificitéit vum Stroummarché, sou de Simeon Hagspiel.