Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Vampire Weekend - Ottoman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi europäesch Ziler ginn net wäit genuch"

COP27 Klimakonferenz

"Déi europäesch Ziler ginn net wäit genuch"

D'Europadeputéiert Tilly Metz hätt sech gewënscht, datt d'europäesch Unioun méi ambitiéis Ziler op der internationaler Klimakonferenz an Ägypten vertrëtt. Et kéint een awer nach net vun enger Enttäuschung aus europäescher Siicht schwätzen: Si géif hoffen, datt d'EU hir Klimaziler am Laf vun der Konferenz nach nobessert.

auto_stories

2 min

D'Tilly Metz seet, datt d'Ambitiounen, déi ee sech als EU gesat huet, net wäit genuch géife goen. An awer hofft si, datt sech wärend der Konferenz eng nei Dynamik entwéckelt, zum Beispill wat Gas-Spuermossnamen ugeet, an och duerch Drock op d'Politiker:

"[...] datt och duerch den Drock duerch d'Zivilgesellschaft, duerch déi Experten, déi do sinn, duerch d'Wëssenschaftler, déi och schonn am Virfeld un deene Positioune schaffen, datt doduerch elo och ambitiéis Ziler erauskommen."

Déi gréng Europadeputéiert weist Verständnis dofir, datt d'Lëtzebuerger Regierung sech am Virfeld vun der internationaler Klima-Konferenz an Ägypten net dofir agesat huet, datt d'europäesch Unioun sech méi ambitiéis Klimaziler setzt: Déi gréng wären zu Lëtzebuerg an enger Dräierkoalitioun, an do misst ee méi Kompromësser agoen, wéi déi gréng am Europaparlament, esou d'Tilly Metz:

"Ech sinn op europäeschem Niveau, wou mir musse maximal kucken, wou mir kënnen deem gerecht ginn, wat mir vun der Wëssenschaft héieren. Mir musse jo do net esou vill realpolitesch Kompromësser agoen. Mir setzen do gär kloer Richtlinnen un [...] an déi sollen dann och méi ambitiéis si fir eben d'Memberstaaten dozou ze motivéieren, sech dorun ze inspiréieren."

Déi europäesch gréng haten am Virfeld vun der internationaler Klimakonferenz gefuerdert, datt d'europäesch Unioun sech méi ambitiéis Klimaziler setzt.