Radioen

On air

De Moien  |  Waxahatchee - Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Handwierker rechne mat engem Réckgang vun hire Geschäfter

Ëmfro vun der Chambre des Métiers

D'Handwierker rechne mat engem Réckgang vun hire Geschäfter

D'Handwierker stelle sech op schwéier Méint an, seet den Direkter vun der Handwierkerkammer. D'Patrone rechnen domat, datt hir Geschäfter esou staark zeréckginn wéi fir d'lescht an der Finanzkris 2008, seet den Tom Wirion.

auto_stories

2 min

Den Tom Wirion ass Direkter vun der Chambre des Métiers

D'Handwierksbetriber rechnen allgemeng mat engem Réckgang vun hire Geschäfter: dat geet aus enger Ëmfro vun der Chambre des Métiers ervir. Wéi ekonomesch Onsécherheet wier ze grouss fir genee Previsiounen ze maachen, seet den Tom Wirion am 100,7-Interview.

D'Erwaardunge vun den Handwierksbetriber wieren awer zanter iwwer zéng Joer net méi esou schlecht gewiescht ewéi haut, seet den Direkter vun der Handwierkerkammer.

"Dat sinn Tendenzen. Ech géif dat elo net iwwerdramatiséieren, mee et kann een awer scho soen, datt d'Situatioun wierklech ugespaant ass, an datt mer déi Situatioun do fir d'lescht an dem Mooss haten an der Finanzkris."

Réckgang ass elo scho bemierkbar

Elo scho wier ee Réckgang ze spieren, beispillsweis am Bausecteur, seet den Direkter vun der Chambre des Métiers. Beim Neibau géif den Telefon ganz wéineg bei de Betriber schellen.

"De Carnet des commandes geet zeréck, et si manner Baugeneemegungen do. Et wäert also manner produzéiert ginn."

De Réckgang u Commande géif bei den Architekten- an Ingenieursbüroen ufänken an op déi aner Beruffer iwwerschloen, "esou datt mir eis schonn d'nächst Joer, 2023, ee schwieregt Joer erwaarden, wou potentiell ee Lach a ganz ville Betriber kéint entstoen", seet den Tom Wirion.

Eng Rei Betriber géife riskéieren net ze iwwerliewen, wann hir Opträg an de nächste Méint weider zréckginn, gëtt den Tom Wirion ze bedenken.