Prisongsverwaltung Neie Prisong: Eng 250 Prisonéier plënneren op Suessem

Zu Suessem um Uerschterhaff gëtt en neie Prisong fir Untersuchungsprisonéier ageweit. Den Direkter vun der Prisongsverwaltung seet, eng 250 Prisonéier sollen an de nächste Woche vu Schraasseg op Suessem geplënnert ginn.

Rick Mertens / cbi

Serge Legil
De Serge Legil ass Direkter vun der Prisongsverwaltung

Spéitstens Mëtt Mäerz wier d'Plënneraktioun ofgeschloss, esou de Serge Legil.

D'Police géif d'Sécherheet wärend dem Transport garantéieren, seet den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

"D'Police ass natierlech zoustänneg vum Gesetz hir fir de Gefaangenentransport. An am Besonneschen och elo fir de gruppéierten Transport. Ech mengen et ass evident, datt mer net all Detenu eenzel dohi féieren. Dat kënnt der Iech wuel virstellen. Dat si gruppéiert Transporter, déi ab en nächste Méinde stattfannen. An den allerleschten Transport ass fir Mëtt Mäerz geplangt."

Personal: Méi wéi een Drëttel huet schonn zu Schraasseg geschafft

De Serge Legil betount, d'Prisonéier géifen zu Suessem vu Personal empfaange gi fir datt den Ëmgang mat Prisonéier net ganz nei ass, seet den Direkter vun der Prisongsverwaltung:

"Et ass scho wouer, datt en Deel vun der Ekipp nei ass. Ongeféier 60 Prozent. Mee mir hunn awer opgepasst, datt déi aner 35-40 Prozent aus erfuerene Leit besteet. Dat sinn d'Chef d'Ekippen, d'Kaderpersonal. Et ass elo net esou, datt dat elo fuschneier wieren. Et ass en plus esou, datt jiddwereen, dee mat Gefaangene schafft, schonn eng Formation de base duerchlaf huet."

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Prisong
No Gewalt zu Schraasseg

Am Prisong wier am Moment eng "ganz ugespaanten Atmosphär", seet de Serge Legil, Direkter vun der Prisongsverwaltung. De Prisong wier mat 640 Leit staark iwwerbeluecht an d'Temperature wiere relativ héich.

Handschellen
Strofrecht

Alternativen zu Prisongsstrofe misste besser genotzt ginn, do si sech d'Deputéiert an d'Justizministesch eens. Véier Joer no der Prisongsreform gouf an der Chamber iwwer méiglech Alternativen diskutéiert.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen