Aviatioun Gilles Feith: D'Luxair muss wuessen, fir kënnen ze bestoen

D'Luxair wäert dëst Joer eng schwaarz Null kenne schreiwen, seet de Gilles Feith. Dobäi wier 2022 ee schwéiert Joer fir den Aviatiounsbetrib gewiescht, sou de Generaldirekter.

Gilles Feith.jpg

De Gilles Feith seet, d'Lëtzebuerger Fluggesellschaft stéing ënner Drock, wéinst de Bëllegfluchgesellschaften, déi ze niddereg Tariffer ubidden.

"Am Lëtzebuerger Recht ass eng Vente à perte illegal. Natierlech soen déi Fluggesellschaften dat wiere Strategien. Ech mengen et misst endlech dozou kommen, datt mer an Europa Minimums Aviatiounspräisser hunn (...)"

De Betrib vu Fligere géif fir all Fluchgesellschaft ongeféier dat selwecht kaschten, grouss Präisënnerscheeder sinn dofir fir de Gilles Feith net nozevollzéien.

Gilles Feith: D'Luxair brauch nei Fligeren"

Bei der Fluggesellschaft leeft eng Mediatioun wéinst Streit am Betrib, ënnert der Féierung vum fréiere Procureur d'etat Robert Biver. Déi Responsabel vun der Luxair géifen elo zesumme mam Robert Biver analyséieren, wéi d'Luxair sech soll virun entwéckelen. Dem Luxair-Generaldirekter no misst d'Luxair evoluéieren an och méi grouss ginn, fir kënne virun ze bestoen.

D'Luxair ass am gaangen un enger Erneierung vu senger Flott ze schaffen, am éischten Trimester d'nächst Joer, kéint eng Decisioun falen, sou de Gilles Feith.

"Mir wäerten an der Mëtt vun eiser Flotte, tëscht 100 an 150 Sëtzer-Fliger brauchen. Dat sinn haut déi 737-700ter, déi fänken un immens al ze ginn, an déi musse mer ersetzen."

"Uewen an der Flott" bräicht d'Luxair méi Kapacitéit a géif dofir och no méi grousse Fligere kucken, déi gläichzäiteg och manner CO2 géife produzéieren.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Fliger Luxair landen
Probleemer bei der nationaler Fluggesellschaft

D'Gewerkschaften hate virun e puer Wochen eng urgent Reunioun mam Ministère a mat der Luxair-Direktioun gefrot, well de Sozialdialog bei der nationaler Fluggesellschaft an der Sakgaass war. Haut ass dofir eng sektoriell Tripartite.

Luxair Airlines at Munich Airport
Sozialkonflikt

De fréiere Procureur Général Robert Biever wäert am Sozialkonflikt bei der Luxair vermëttelen. Dee Virschlag vum President vum Luxair-Verwaltungsrot gouf de Mëtteg am Verwaltungsrot guttgeheescht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen