Ënnerdaach Flüchtlingsheemer: D'Caritas hätt gär méi Responsabilitéit

Den Direkter vun der Caritas fuerdert, datt seng ONG méi Responsabilitéit bei der Organisatioun vu Flüchtlingsheemer kann iwwerhuelen. D'ONGe géife sech am Moment just ëm de sozialen Encadrement vun de Flüchtlinge këmmeren, awer net ëm den technesche Fonctionnement vun de Gebaier, esou de Marc Crochet.

Rick Mertens / cbi

Marc Crochet
De Marc Crochet ass Direkter vun der Caritas

De Caritas-Direkter seet, dat géif reegelméisseg zu Schwieregkeete féieren, déi ee kéint evitéieren, wann all d'Responsabilitéiten an enger Hand géife léien

"Wann dat alles an enger Hand wier, da géif et manner Ofstëmmungsschwieregkeete ginn, an da kéinten och esou Situatiounen eventuell evitéiert ginn, wéi se dann elo an dem Gebai ware, wou Gourde sollte geliwwert gi fir datt d'Leit kéinte Waasser um Krunn huelen, an dofir awer d'Fläschewaasser schonn ofbestallt gi war. An iergendwéi war dann do op eemol eng Situatioun entstanen, wou et effektiv en Enkpass gouf."

Den Enkpass beim Drénkwaasser an engem Gebai fir ukrainesch Flüchtlingen um Kierchbierg wier awer mëttlerweil behuewen, esou nach de Marc Crochet. D'Leit wieren awer net ideal ënnerbruecht:

"Dat Gebai war net fäerdeg Mëtt Dezember, wéi d'Leit do agezu sinn, an et ass och haut an Deeler nach am Gaange fäerdeg gestallt ze ginn. Do ware keng Schlësselen op den Dieren, well dat Gebai war nach net ofgeholl, datt Leit hätte kënnen do anzéien. Do sinn d'Buedzëmmer net fäerdeg gewiescht, an do gëtt nach dra geschafft."

Wann d'Gebai éischter fäerdeg gewiescht wier, da wieren d'Konditioune fir d'Leit och besser gewiescht fir direkt en Urgence anzezéien, seet de Marc Crochet.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Ausseministère
Schlecht Zoustänn a Flüchtlingsstrukturen

A vereenzelte Flüchtlingsstrukturen hätt et iwwer d'Feierdeeg kee Waasser ginn, huet d'Associatioun LUKraine kritiséiert. Den Ausseministère dementéiert dat: et hätt zu all Moment Krunnewaasser ginn.

Nicolas Zharov
Flüchtlingsstrukturen

D'Associatioun LUkraine ass onzefridden mat de Konditiounen, ënner deene vill Flüchtlingen hei am Land vum Staat ënnerbruecht ginn. Den Nicolas Zharov schwätzt vu grousse, systematesche Problemer.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen