Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Michelle David & The Gospel Sessions - Yes I Am

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chômage Partiel: Bis zu 400 Immobilienagente kéinte betraff sinn

Chambre Immobilière

Chômage Partiel: Bis zu 400 Immobilienagente kéinte betraff sinn

De President vun der Chambre Immobilière geet dovun aus, datt 300 bis 400 Immobilienagenten an den nächste Méint kéinten op Chômage partiel ugewise sinn. Dat wieren eng 30 bis 40 Prozent vun de Salariéeën, déi am Secteur schaffen, esou de Jean-Paul Scheuren de Moien op der Antenn.

auto_stories

2 min

De Jean-Paul Scheuren ass de President vun der Chambre Immobilière.

De Jean-Paul Scheuren vun der Chambre Immobilière betount, d'Agencë géifen drënner leiden, datt d'Ventë vun Immobilien an de leschte Méint staark zeréckgaange sinn. Reserve fir dat ze kompenséieren hätten d'Agencen net:

"Dat ass e Service vun engem Prestataire de Service. Ech menge, wa mer elo enger Fiduciaire géife soen: Mir huelen Iech all d'Clienten ewech wärend de nächste sechs Méint. Da géif ech mech froen, wéi vill Fiduciairen da géifen iwwerliewen. Och bei deenen Decken. Ech weess net, wéi eng Reserve mir do gesinn. Mee de Métier vum Agent immobilier, dat ass jo net e Métier, wou all Kommissioun erakënnt, an an iergendengem seng Täsch geet!"

De Jean-Paul Scheuren huet erkläert, datt duerch de Krich an d'Inflatioun verschidde Faktoren zesummekomm wieren, mat deene keen esou gerechent hätt. Dowéinst hätte si hir Decisioun geholl, fir a Richtung vum Chômage partiel ze kucken:

"Éier mir elo an d'Situatioun kommen, datt eis Betriber hir Employéë mussen entloossen, gi mir léiwer an eng Direktioun, wou mir soen: Da komm mir kucken ob mir net e Plan de maintien dans l'emploi op d'Been kréien."

Nach ass net kloer, ob d'Immobilienagencen effektiv Chômage partiel accordéiert kréien. D'Gespréicher doriwwer sinn nach amgaang.