Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Suchtverband rifft dozou op am Januar keen Alkohol ze drénken

Dréchene Januar

De Suchtverband rifft dozou op am Januar keen Alkohol ze drénken

De Suchtverband rifft dozou op am Januar ganz op Alkohol ze verzichten. D'Psychologin Ute Heinz sot de Moien op der Antenn, d'Zil vun der Campagne wier et, d'Leit ze motivéiere fir och am Laf vum Joer manner Alkohol ze drénken.

auto_stories

2 min

D'Ute Heinz ass Vize-Presidentin vum Suchtverband.

Well den Alkohol an eiser Kultur staark verankert ass a praktesch zum Alldag dozou gehéiert, wier et net ëmmer einfach, fir drop ze verzichten, seet d'Ute Heinz. Dofir wier d'Initiativ, fir am Januar keen Alkohol ze drénke wichteg, well ee sech mat sengem eegene Konsum ausernee setze kann.

Positiv Erfarunge méi wichteg wéi theoretesch Risiken

Eegen Erfarunge géife bei dëser Initiativ eng wichteg Roll spillen, esou d'Vize-Presidentin vum Suchtverband: Wann ee mierkt, datt een duerch de Verzicht op Alkohol besser schléift, u Gewiicht verléiert, a Sue spuert, da wär een éischter bereet, och iwwer de Januar eraus den Alkohol méi dacks op der Säit ze loossen.

Esou positiv Erfarunge géife warscheinlech méi bréngen, wéi "theoretesch Ofhandlungen iwwer d'Risike vum Alkoholkonsum", esou nach d'Ute Heinz.


CNAPA a Quai 57 sinn zwou Ulafstelle fir Leit, déi wéinst hirem Alkohol-Konsum Hëllef sichen.