No LSAP-Kritik Carole Thoma: Rose wa lénk Parteie keng lénks Politik maachen

Et wier net eng bewosst Strategie vun déi Lénk, d'LSAP méi schaarf z'attackéiere wéi déi zwou aner Majoritéitsparteien, sou d'Co-Parteispriecherin Carole Thoma vun déi Lénk.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Carole Thoma
D'Carole Thoma ass Co-Parteispriecherin vun déi Lénk.

D'Carole Thoma streit awer net of, datt an hirer Ried um Neijoersch-Patt vun der Partei méi spatz Kriticken un de Sozialiste wéi un DP an déi gréng ze héiere waren.

Zum Beispill de Saz: "Mat esou enger bëlleger Sozialdemokratie, wien brauch do nach eng DP?"

Dat wier eng Äntwert op der Paulette Lenert hir Aussoe gewiescht, datt si keng fäerdeg Meenung méi zum Index hätt a si sech enger Diskussioun iwwer eng Deckelung vum Index net géif verschléissen.

Et géif si rose maachen, wa Parteien aus dem lénke Spektrum kengt lénks Politik géife maachen, sou d'Carole Thoma. De "politesche Feind" ass fir déi Lénk awer éischter um "rietse Spektrum" ze fannen.

Rotatiounsprinzip bleift erhalen

Bei de Gemengewalen am Juni wäerten déi Lénk emol sécher an der Stad, zu Esch, zu Déifferdeng, Diddeleng, Suessem a fir d'éischt och zu Péiteng untrieden, sou d'Co-Spriecherin vun der Partei Carole Thoma.

Bei de Chamberwalen am Hierscht da wäerten déi zwee Ex-Deputéiert Marc a Baum an David Wagner nees eemol matgoen, déi an der Halschecht vun der Legislaturperiod vun der Myriam Cecchetti an Nathalie Oberweis ofgeléist goufen. Un deem Rotatiounsprinzip wäerten déi Lénk och an Zukunft weider festhalen, sou d'Carole Thoma. Déi Lénk géife sech keen Zil a Prozenter oder Sëtz fir déi national Wale setzen, se wéilten natierlech awer gestäerkt ginn. Ma net op Käschte vun anere Lénksparteien.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Carole Thoma
Neijooschpatt vun déi Lénk

Déi sozial Ongerechtegkeeten an d'Klimakris waren d'Haaptsujete gëschter Owend um Neijooschpatt vun déi Lénk. D'Oppositiounspartei reprochéiert der Regierung "politique politicienne" a Walkampf um Réck vun de Leit ze maachen.

Tommy Klein
Chamberwalen 2023

Lëtzebuerg wäert och no den nächste Walen nees vun enger Dräierkoalitioun regéiert ginn, dat steet fir den Tommy Klein vun der ILRES fest. Oppe wier just d'Fro, wéi eng dräi Parteien dat kéinte sinn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen