Radioen

On air

Notturno  |  Roos Jonker & Dean Tippet - Love Like That

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nordstad: "De Referendum däerf keng Virwëtztut sinn"

Claude Thill

Nordstad: "De Referendum däerf keng Virwëtztut sinn"

De Claude Thill ass weider optimistesch, datt seng Gemeng an de nächste Jore mat de Nopeschgemenge Bettenduerf, Ierpeldeng, Ettelbréck a Schieren wäert fusionéieren. Den Dikrecher Buergermeeschter verdeedegt och de Projet fir eng nei Museksschoul fir zéng Milliounen Euro a senger Gemeng ze bauen.

auto_stories

2 min

De Claude Thill ass de Buergermeeschter vun Dikrech.

Och wann an der Ëffentlechkeet manner iwwer de Fusiounsprojet "Nordstad" geschwat gëtt, géifen déi fënnef Gemenge weider intensiv dru schaffe fir en ze realiséieren, esou de Claude Thill de Moien op der Antenn.

Pandemie huet Preparatioune gebremst

D'Preparatiounsaarbechte wieren duerch d'Coronapandemie ausgebremst ginn. D'Bierger géifen dofir nach net dëst Joer gefrot ginn, ob si der Fusioun zoustëmmen, seet de Claude Thill, mee eréischt an de Joren no de Gemengewalen.

Et dierft een de Leit keng Virwëtztut proposéieren, erkläert den Dikrecher Buergermeeschter:

"Fir de Referendum ze lancéieren, soll een sech bewosst sinn, datt mir de Bierger déi Fro ee Mol stellen. Den Dossier muss preparéiert sinn, a mir mussen dem Bierger kënne soen: Wat ass de Projet Nordstad? Wéi soll d'Regioun sech virun entwéckelen? Wéi soll si sech am Land positionéieren?"

Am Moment steet am Raum fir de Referendum iwwer d'Nordstad-Fusioun an dräi Joer ze organiséieren. Gespréicher tëschent de fënnef Gemengen an dem Inneministère hätte gewisen, datt näischt dogéint schwätzt fir d'Bierger tëschent zwou Gemengewalen ze befroen, esou den Dikrecher Buergermeeschter.

Nei Museksschoul fir zéng Mio. Euro

Den Dikrecher Buergermeeschter verdeedegt och de Projet fir eng nei Museksschoul fir zéng Milliounen Euro a senger Gemeng ze bauen. D'Majoritéit am Dikrecher Gemengerot wier och weider vum Projet iwwerzeegt, a wéilt en esou ëmsetzen, wéi e geplangt ass.

Trotzdeem kéint hien och novollzéien, datt driwwer diskutéiert gëtt ob de Projet ze deier ass, esou de Claude Thill nach:

"Et ass net en Terrain, dee kaf ginn ass, mee et ass e ganze Projet, dee kaf ginn ass - a senger ganzer Komplexitéit. An d'Diskussiounen doriwwer, ob dat dann ze deier ass, oder net ze deier ass [...] déi kann ech zwar verstoen. Mee ech sinn awer hei der Meenung, datt dat en anstännege Projet ass."