Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - Deep Space

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Bachelor an der Pädagogik

Uni Lëtzebuerg

Neie Bachelor an der Pädagogik

D'Uni Lëtzebuerg an den Educatiounsministère hunn haut um Campus Belval den neie Bachelor en Formation pédagogique - kuerz BFP - presentéiert. Dës nei Formatioun soll Leit déi schonns e Bachelor am Zesummenhang mat der Educatioun hunn - ewéi zum Beispill an de Sproochen oder am Sport - de Wee opmaache fir an engem Joer Enseignant am Fondamental ze ginn.

auto_stories

2 min

Foto: Marlène Clement

Lauschterenplay_arrow


Mam BFP hofft den Educatiounsminister Claude Meisch dem Mangel u Léierpersonal am Fondamental entgéint ze wierken an de sougenannte Quereinsteig:innen d'Méiglechkeet ze gi Fouss am Erzéiungsberäich ze faassen. Am September dëst Joer fänken d'Coursen un, et ass Plaz fir 240 Student:innen. Wie sech fir dës nei Formatioun intresséiert ka sech den 18. Mäerz op der Porte ouverte vun der Uni Lëtzebuerg renseignéieren.

Quereinsteiger-Programm gëtt ersat

De Quereinsteiger-Programm, wéi en 2018 vum Educatiounsministère an d'Liewe geruff ginn ass, gëtt domat duerch den neie BFP Programm ersat. Et gëtt deemno vun elo un zwou Méiglechkeeten Enseignant am Fondamental ze ginn. Entweder wéi et bis ewell de Fall war, mat engem Bachelor en sciences de l'éducation - eng Formatioun vu véier Joer - oder elo nei mat engem Bachelor en Formation pédagoqique, also ee Joer Formatioun zousätzlech zu engem anere Bachelor.

De Gilbert Busana, Direkter vum Bachelor en sciences de l'éducation an Direkter faisant-fonction vum neie Bachelorprogramm, erkläert, datt dës selwecht Ekipp u Professer:inne sech ëm déi zwee Bachelore këmmere wäerten. Dofir géif een an den nächsten zwee Joer eng Rei nei Professer:innen astellen.

Ënnerscheed bei der Erfarung um Terrain

De Bachelor en Formation pédagoqique gëtt de Studenten d'Méiglechkeet wärend engem Joer a kompriméierter Form dat ze léiere wat am Bachelor en Science de l'éducation a véier Joer gemaach gëtt. E groussen Ënnerscheed gëtt et allerdéngs bei der Erfarung um Terrain. Beim Bachelor en sciences de l'éducation maachen d'Studenten 30 Woche Stage. Beim BFP sinn et sechs Wochen. Dofir wier de Stage fir Fonctionnaire ze gi mat deem Ofschloss awer duebel esou laang, argumentéiert den Educatiounsminister Claude Meisch.

Den Educatiounsminister mengt och net, datt déi zwee Bachelorprogrammer géifen a Konkurrenz stoen. Vill méi wéilt een domat deenen engen Dier ophalen, déi sech no der Première net direkt fir en Diplom am Enseignement entscheeden. Mat Mëtt 20 hätt een nach net esou vill Liewens- a Beruffserfarung, wéi ee se mat Mëtt 30 hätt, behaapt de Claude Meisch.