Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - A Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2023 ginn et verstäerkt Subventiounen am Energieberäich

Wärmepompel a Photovoltaik

2023 ginn et verstäerkt Subventiounen am Energieberäich

E Mëttwoch huet de Claude Turmes de Bilan vum Energieverbrauch gemaach, an och op nei a verstäerkte Subventiounen dëst Joer opmierksam gemaach. D'Energietransitioun acceleréieren an am Kader vun der Energiekris op Stroum a Gas spueren - dat war den Haaptmessage vum Energieminister.

auto_stories

2 min

Dëst Joer ginn et verstäerkte Subventioune fir, ënner aanerem, Wärmepompelen. Foto: Bigstock / Creativebird

Lauschterenplay_arrow


E Mëttwoch huet den Energieminister Claude Turmes op enger Pressekonferenz de Bilan vum Energieverbrauch presentéiert: Am Mount Dezember ass de Gaskonsum ëm 18 Prozent am Verglach mat der Referenzperiod 2017-2022 zeréckgaangen.

An de Gebaier konnt 8 Prozent Gas agespuert ginn, dat trotz méi engem kalem Dezember. D'Industrie huet 45 Prozent manner Gas genotzt. Beim Stroum gouf et am Dezember e Réckgang vu 8,56 Prozent.

Nei a verstäerkte Subventiounen

De Claude Turmes huet och op déi nei a verstäerkte Subventiounen am Energieberäich higewisen. Wéi an der Tripartite decidéiert, ginn d'Subventioune fir Solaranlagen a Wärmepompelen dëst Joer aussergewéinlech eropgesat.

D'Haaptzil hei ass et, d'Energietransitioun ze acceleréieren an am Kader vun der Energiekris Stroum a Gas spueren.

D'Subventioune gëlle fir Solaranlagen, Wärmepompelen a Renovatiounen, déi dëst Joer bestallt ginn.

Berodung och bei eenzele Mesuren

Am Beräich vun der Solarenergie geet den TVA-Saz vu 17 op 3 Prozent erof. D'Batterien am Fall vun Installatioune fir den eegene Stroumkonsum sinn och eligibel fir d'Subventiounen.

D'Stéit kënnen hei bei der Klima-Agence eng Berodung ufroen, seet hiren Direkter de Fenn Faber. Well d'Erfarung gewisen huet, datt vill Leit Schrëtt fir Schrëtt wëlle virgoen, hätt een elo Upassungen agefouert, an deenen een och eenzel Mesure kann ëmsetzen:

"Do gëtt et zwou Méiglechkeeten: entweder loossen ech mech do ënnerstëtzen duerch en Handwierker, deen agreéiert ass. Oder awer och duerch en Energieberoder, deen individuell pro Mesure och kann en Accompagnement liwweren."

Keng Autorisatioune méi fir Gebaier mat fossilen Energien

D'Handwierkerkummer ass och ganz aktiv fir d'Formatiounen am Beräich vun den nohaltegen Energie- an Heizungssystemer, betount den Tom Oberweis, President vun der Chambre des Métiers. Hei géif een d'Mataarbechter scho säit Joren zum Beispill duerch d'Formation continue oder d'Meeschterprüfung op nei Technologie virbereeden.

D'Chambre de Métiers hätt och de Label "Nohalteg an d'Zukunft+" am Hierscht reforméiert, esou nach den Tom Oberweis.

Och d'Architekten droen och duerch nohalteg Bauweisen zur Energietransitioun bäi. A vun dësem Joer un, ginn zu Lëtzebuerg just nach Gebaier autoriséiert, déi keng fossil Energië brauchen.