Radioen

On air

Notturno  |  The Velvet Underground - Stephanie Says

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi gréng: Warscheinlech keen nationale Spëtzekandidat

Chamberwalen 2023

Déi gréng: Warscheinlech keen nationale Spëtzekandidat

Déi Gréng wäerte warscheinlech net mat engem nationale Spëtzekandidat an d'Chamberwale goen. D'Justizministesch Sam Tanson seet am 100,7-Interview, hir Partei géif wéi bei de leschte Wale mat zwee Spëtzekandidaten an all de véier Walbezierker an d'Course goen.

auto_stories

2 min

D'Sam Tanson ass Justizministesch fir déi gréng

D'Diskussioun ëm en nationale Spëtzekandidat wier et an der Partei scho méi laang ginn, mee dat wier aktuell an de Parteistatuten net virgesinn.

Et wier och schwéier, dat nach virun de Walen ze änneren, seet d'Sam Tanson. Si geet net dovunner aus, datt d'Statuten an deem Sënn nach eng Kéier geännert ginn.

Déi Gréng gesinn eng allgemeng Verkierzung vun der Aarbechtszäit kritesch. D'Justizministesch Sam Tanson seet am 100,7-Interview, hir Partei wär zwar oppe fir eng Diskussioun iwwer d'Aarbechtszäiten ze féieren.

Et misst ee sech awer bewosst sinn, datt d'Patronen am Moment Schwieregkeeten hu fir Leit ze rekrutéieren, esou d'Sam Tanson. Déi Gréng wéilten de Leit dofir éischter zousätzlech Méiglechkeete gi fir Congé ze huelen, amplaz d'Aarbechtszäit fir jiddwereen ze reduzéieren:

"Am Kulturberäich hu mer nach virun de Feierdeeg de Congé culturel erëm agefouert. Dee wäert dëst Joer dann a Kraaft trieden, wat de Leit einfach Méiglechkeete gëtt sech och kënnen ëm aner Saachen ze bekëmmeren. Dat fannen ech extrem wichteg, datt mer do och der ganzer Panoplie vun der Gesellschaft Rechnung droen."

Bei där Diskussioun dierft een d'Entreprisen an d'Patronen awer net vergiessen, ënnersträicht d'Sam Tanson. Wéinst de Rekrutementsproblemer wier eng allgemeng Aarbechtszäitverkierzung "warscheinlech net déi richteg Léisung", esou d'Justizministesch.