Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Tallest Man On Earth - Looking For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schachspill an der Diplomatie

Fräie Mikro

Schachspill an der Diplomatie

D'Lëtzebuerger Aussen- a Kooperatiounspolitik beweegt sech op dënnem Äis. Éierbar Partner ze fannen ass keng einfach Saach, stellt de Journalist an Auteur Laurent Moyse fest.

auto_stories

3 min

A senger Ried an der Chamber leschten November huet de Kooperatiounsminister Franz Fayot annoncéiert, datt Lëtzebuerg seng Botschaft am Nicaragua definitiv zougemaach huet an am Géigenzuch plangt, eng Botschaft am Costa Rica opzemaachen. Den Nicaragua, wou d'Lëtzebuerger Entwécklungshëllef jorelaang e Standbeen hat, steiert ëmmer méi Richtung Diktatur. Dat Land, dat fréier als Eldorado vun de Kapitalismuskritiker héichgelueft gouf, versénkt allméiglech an den Herrscherkult vum Ortega-Clan.

Aner Länner, mat deene Lëtzebuerg eng bilateral Kooperatioun am Kader vun der Entwécklungshëllef ënnerschriwwen huet, stinn och op wackelege Fundamenter: Am Burkina Faso léisst ee Militärputsch deen aneren of. Am Mali ass d'Sécherheetslag esou riskant datt d'auslännesch Hëllefstruppen sech lues a lues aus deem Land zeréckzéien. An de Myanmar féiert seng repressiv Politik onverhënnert weider, sou datt Lëtzebuerg schonn 2021 seng bilateral Hëllefsprogrammer agestallt huet.

Lëtzebuerg un der Limitt vu sengem Handelen

Och an der Aussepolitik stéisst Lëtzebuerg ëmmer nees un d'Grenze vun sengem Handelen. 2021 waren zwee Lëtzebuerger Europadeputéierten an een Diplomat vu China sanktionéiert ginn, well si am Kader vun der EU eng Rei Moossname géint d'Repressioun vu Peking géint d'Uigure matgedroen hunn. Dobäi huet Lëtzebuerg seng wirtschaftlech a finanziell Bezéiunge mat China esou verdéift, datt weder d'Repressioun am Tibet nach déi zu Hong-Kong, nach Drohgebärde géint Taiwan de bilateralen Äifer gebremst hunn.

Mat Russland, dat d'Ukrain reegelrecht Iwwerfall huet, ass och kee Geschäft méi ze maachen. Lescht Joer hunn zwee fréier Minister hire Posten am Verwaltungsrot vu Gesellschafte missten opginn, nodeem si an d'Schosslinn gerode sinn wéinst hiren enke Kontakter mat russeschen Interessen. Wéinstens huet d'Lëtzebuerger Fussballsekipp et net gepackt, sech fir d'Fussballweltmeeschterschaft am Katar ze qualifizéieren, wat eng déck Diskussioun iwwert hier Participatioun dohannen erspuert huet. Dat wier och peinlech gewiescht, well d'wirtschaftlech Bezéiungen tëschent eisen zwee Länner an Tëschenzäit zimmlech gewuess sinn.

E Schachspill am UNO-Sécherheetsrot

Lescht Joer ass Lëtzebuerg fir d'éischt Member vum UNO-Mënscherechtsrot ginn. Et sëtzt um Dësch mat ville Länner, déi d'Mënscherechter schamlos mat Féiss trëppelen. Déi si virun allem an där Institutioun vertrueden, well si esou d'Méiglechkeet hunn, änlechgesinnten Alliéierter ze sichen, lästeg Debatten iwwer hier repressiv Politik ze verhënneren an Entscheedungsprozesser, déi hiren autoritäre Kurs a Fro stellen, ze beaflossen an ze verharmlosen. Den Examen périodique universel, dee vu eenzele Stëmmen als eng vun de gréissten Errongenschafte vum Conseil betruecht gëtt, geréit méi wéi eng Kéier zu enger Farce. Et ass en diplomatescht Schachspill, dat punkto Täuschungsmanöver an Hypokrisie net ze toppen ass. Lëtzebuerg ka wuel säi Pefferkär dräi Joer laang an deem Gremium bäisteieren, mee wann et eescht gëtt, ginn d'Problemer sécherlech net do geléist.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.