Radioen

On air

Notturno  |  Scott Walker - Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DP-President bréngt eng "Joresaarbechtszäit" an Diskussioun

Flexibel schaffen

DP-President bréngt eng "Joresaarbechtszäit" an Diskussioun

D'DP ass dogéint, d'Aarbechtszäit vu 40 Stonnen an der Woch fir jiddwereen erof ze setzen. Den DP-Parteipresident Lex Delles sot de Moien op der Antenn, hie kéint sech virstellen eng "Joresaarbechtszäit" anzeféieren, déi flexibel kéint genotzt gi wann ee sech mat sengem Patron eens gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
De Lex Delles ass Parteipresident vun der DP.

Eng Joresaarbechtszäit si pauschal Aarbechtsstonnen, déi een am Joer mécht, a wou ee mat der Entreprise zesumme kuckt, wéi dës Stonnen agedeelt ginn. Dëst wier wichteg, well net jiddwereen déi selwecht Preferenzen an Ëmstänn huet:

"Et gi Leit, déi wëlle vläicht verschidden Deeg oder Perioden am Joer méi schaffen, an aner Zäite vläicht e bësse manner, well si do familiär Saachen oder aner Saache wëlle maachen. Et si Leit, déi wëlle méi wéi aacht Stonnen den Dag schaffen."

Et géif bei dësem Konzept drëm goen, datt d'Leit sech perséinlech engagéieren, fir hir Aarbechtszäiten ze organiséieren, an "dat muss eng Diskussioun wäert sinn", fënnt den DP-Parteipresident.

D'Salariéë missten sech da mat hire Patronen eens ginn, wéini méi a wéini manner geschafft gëtt. Dat géif och iwwer d'Organisatioun vun de Congésdeeg erausgoen, esou de Lex Delles:

"Et gëtt och a verschidden Entreprise Perioden, wou méi Aarbecht do ass, verschidde Perioden, wou et méi creux ass. An et geet drëm ebe grad Diskussiounen doriwwer ze féieren."

Lauschterenplay_arrow