Chamberwalen CSV-Presidentin schléisst Luc Frieden als Spëtzekandidat net aus

D'CSV wëllt bis spéitstens Enn Mäerz decidéieren, wien d'Partei an d'Wale féiert. D'Decisioun, ob et een nationale Spëtzekandidat gëtt oder e puer regional Spëtzekandidaten, wier nach net gefall. Op Nofro hin huet d'Parteipresidentin Elisabeth Margue net ausgeschloss, datt de fréie Finanzminister Luc Frieden CSV-Spëtzekandidat kéint ginn.

Rick Mertens / sam

Elisabeth Margue
D'CSV-Parteipresidentin Elisabeth Margue.

D'CSV-Parteipresidentin Elisabeth Margue sot de Moien op der Antenn, datt de Moment e puer Optioune fir d'Spëtzekandidatur an den zoustännege Parteigremien diskutéiert ginn. Dëst wier also déi éischt Etapp, déi géif ustoen:

"Mir hunn do eng ganz kloer Prozedur an eise Statute virgesinn, déi fir d'éischt emol virgesäit, datt den Nationalcomité decidéiert, wéi mir eis opstellen. Dat heescht: Ee Spëtzekandidat um nationalen Niveau, e puer Bezierks-Spëtzekandidaten, oder zwee oder dräi."

No dësem éischte Schrëtt sollen da Sondéierungsgespréicher mat méigleche Kandidate gefouert ginn. D'Elisabeth Margue wollt sech de Moien net dozou äusseren, wien dofir a Fro kéim.

Op Nofro hin huet d'Parteipresidentin awer net ausgeschloss, datt de fréien Finanzminister Luc Frieden d'Spëtzekandidatur bei der CSV kéint iwwerhuelen:

"Nee, ech schléissen näischt aus. Mir sinn an enger Situatioun, wou mir an enger Kris sinn: Als Land, an och als Partei, kënne mir an där hei Situatioun ganz oppe mat der do Fro ëmgoen. An déi néideg Froe stellen, déi mir mussen."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

CSV Neijooschpatt
Neijooschpatt

D'CSV huet sech op hirer Neijooschtreception kämpferesch gewisen. Déi aktuell Koalitioun wier um Enn an dofir stéing ee prett fir de Wiessel. Konkret Kritik gouf et un der Gesondheets- der Steier- an der Logementspolitik.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen