Chamberwahlen 2023 "Ee Kandidat, deen d'Partei eenege kann"

​Den CSJ-Nationalcomité steet unanime hannert dem Luc Frieden als nationalen CSV-Spëtzekandidat bei de Chamberwahlen, seet den Alex Donnersbach de Moien am 100,7-Interview.

Pia Oppel

Alex Donnersbach.jpg
Den Alex Donnersbach ass de President vun der CSJ.

Den CSJ-Nationalcomité huet um Sonndeg (29. Januar) iwwer eng méiglech Spëtzekandidat vum fréieren CSV-Minister Luc Frieden beroden. Dat well déi Informatioun vu de Medien "geleaked" gouf, esou den CSJ-President Alex Donnersbach:

"Dat ass heiansdo bëssi e Problem an eiser Partei. An dat ass och net gutt. Mir kritiséieren dat och, datt mir wichteg Informatiounen heiansdo aus de Medie kréien amplaz direkt aus de Gremien."

Offiziell huet d'Parteispëtzt nach net confirméiert, datt si dëse Mëttwoch dem CSV-Nationalrot de Luc Frieden als nationale Spëtzekandidat fir d'Chamberwale proposéiert.

Den CSJ-Nationalrot geet awer dovunner ass, datt dat esou geschitt - a stellt sech unanime hannert de Luc Frieden, esou den Alex Donnersbach.

Spëtzekanidatur vum Luc Frieden kee Widdersproch zum Renouveau vun der Partei

De President vun der Handelskammer a fréieren CSV-Minister Luc Frieden hätt ee Wirtschaftsprofil a wier ee Krisemanager. Dat wier de richtege Profil am aktuelle wirtschaftleche Kontext, sou d'Argument vum CSJ-President. De Luc Frieden kéint och d'Partei elo eenegen, no de leschte Joren an deenen et vill parteiintern Konflikter gouf.

Eng Spëtzekandidatur vum Luc Frieden steet fir den Alex Donnersbach net am Widdersproch zur Erneierung vun der CSV, déi vun der CSJ zënter Jore gefuerdert gëtt. D'Partei hätt sech erneiert, mee fir d'Elisabeth Margue oder de Christophe Hansen wier et elo nach ze fréi fir eng Spëtzekandidatur. "An engem gewësse Sënn" wier d'Erneierung also ze spéit geschitt, esou den Alex Donnersbach. Hie mengt awer:

"Et muss een och, also dat ass och eis Iwwerzeegung, e Spëtzekandidat muss net nëmme jonk sinn, dat ass net de Krittär, dee fir eis dee wichtegsten ass. Mee dee wichtegste Krittär ass am Fong, datt en d'Partei engersäits eenege kann, an datt en eis an déi Wal vum Oktober féiere kann."

"Hu schonn den Usproch, de Premierminister ze stellen"

Zur Fro, wéi eng Credibilitéit de Luc Frieden an der Klimafro hätt, sot den Alex Donnersbach:

"Ech mengen, et ass him wichteg gewiescht, datt mir stabil Finanzen hunn. Firwat? Ma datt mir kënnen nohalteg d'Lëtzebuerger Wirtschaft ofsécheren an och nohalteg eis Gesellschaft ofsécheren. An aus deem ergëtt sech natierlech och, datt mir mussen d'Ëmwelt schützen, d'CO2-Emissioune bremsen. An dat ass souwuel d'CSV, déi dofir asteet, wéi och e Luc Frieden."

Mam Luc Frieden senger Kritik als fréiere Finanzminister un der Héicht vum Mindestloun ass den Alex Donnersbach net averstanen. D'Situatioun hätt sech zënterhier awer och verschlechtert, well d'Immobiliëpräisser esou staark geklomme sinn, esou den CSJ-President.

Zur Fro, ob d'CSV soll engem méigleche Koalitiounspartner de Premierministerposten offréieren, fir nees kënnen zréck an eng Regierung, seet den Alex Donnersbach: "Mir hu schonn den Usproch, de Premierminister ze stellen".

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

Luc Frieden
Chamberwalen 2023

Den CSV-Nationalrot soll iwwer d'Spëtzekandidatur vum Luc Frieden fir d'Chamberwalen ofstëmmen. Déi RTL-Nouvelle krute mir confirméiert. De Luc Frieden ass keen onbeschriwwent Blat bei de Chrëschtsozialen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen