Chamberwalen Luc Frieden: Retour an d'Politik, egal wéi

De Luc Frieden wäert haut Donneschdeg op der Assemblée générale vun der Chambre de Commerce seng Demissioun als President areechen. Dat seet den designéierten CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen am Hierscht am 100,7-Interview. Et misst een da kucken, op wéi een Datum dee Récktrëtt effektiv gëtt. Och de Posten als President vun der BIL géif hien nach virum éischte Mee opginn, fir sech vun deem Moment u ganz op d'Campagne kënnen ze konzentréieren.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Luc Frieden

Seng Ambitioun wier et, säint dozou bäizedroen, datt d'CSV stäerkst Partei bleift an nees an d'Regierung kënnt.

"Et ass awer evident, datt wann d'CSV sollt an der Oppositioun bleiwen (wat ech net hoffen, an ech kämpfe fir de Contraire) ... da ginn ech an d'Chamber, da bleiwen ech do och fënnef Joer. Dat schéngt mer awer an dëser Situatioun als Spëtzekandidat nëmmen normal."

D'CSV misst et fäerdeg bréngen dat Wirtschaftlecht an dat Soziaalt mateneen ze kombinéieren, sou wéi se dat an der Vergaangenheet och op "eng eenzegaarteg Aart a Weis" gemaach hätt, sou de Luc Frieden.

"E staarke Sozialstaat wëlle mer, mee fir e staarke Sozialstaat ze hunn brauch een eng Ekonomie, déi gutt funktionéiert, mat engem Wuesstem, deen nohalteg an inklusiv ass. An dorop wäert ech schaffen. E Samschdeg fänke mer un, dee Walprogramm ze schreiwen."

Als designéierte Spëtzekandidat hätt hien och wëlles "e grousst Wuert" bei deem Walprogramm matzeschwätzen an en dann "als Ekipp no vir ze bréngen".

Keng méiglech Koalitioune mat "Extreemer vu riets a lénks"

Dee Walprogramm soll dem Luc Frieden no ee Parteiprogramm "aus der Mëtt" ginn. Hie schléisst dofir och Koalitioune mat "Extreemer vu riets a lénks" aus.

"Ech mengen, datt dat net gutt ass fir d'Land, datt mer do net weider kéimen, an do géife mer och eise Programm net genuch ëmgesat kréien."

Wiseler a Margue hunn den Numm Luc Frieden an d'Gespréich bruecht

De Luc Frieden huet am Interview och verroden, wéi et dozou koum, dass hie Spëtzekandidat vun der CSV ginn ass: Kuerz viru Chrëschtdag hätt de Presidenten-Tandem Elisabeth Margue a Claude Wiseler hie gefrot, ob si säin Numm intern dierften an d'Gespréich bréngen. Hien hätt sech Bedenkzäit gefrot, fir an der Chrëschtvakanz kënnen driwwer nozedenken.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Luc Frieden
Nom Nationalrot

De Luc Frieden gouf vum CSV Nationalrot als Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen designéiert. Gëschter Owend hu 77 Parteimembere vum Nationalrot fir seng Kandidatur gestëmmt. Zwee Memberen hu sech enthalen.

Alex Donnersbach.jpg
Chamberwahlen 2023

​Den CSJ-Nationalcomité steet unanime hannert dem Luc Frieden als nationalen CSV-Spëtzekandidat bei de Chamberwahlen, seet den Alex Donnersbach de Moien am 100,7-Interview.

Luc Frieden
Chamberwalen 2023

Den CSV-Nationalrot soll iwwer d'Spëtzekandidatur vum Luc Frieden fir d'Chamberwalen ofstëmmen. Déi RTL-Nouvelle krute mir confirméiert. De Luc Frieden ass keen onbeschriwwent Blat bei de Chrëschtsozialen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen