Chronik Manner Autoen?

Et gi manner nei Autoen a méi Elektro-Autoen zu Lëtzebuerg an an der EU verkaf. Dat weise rezent Zuelen. Den Individual-Verkéier gëtt also méi propper. Mee de Probleem vum Auto senger Dominanz bleift nach méi laang, mengt de Pierre Reyland an engem Kommentar.

Kommentar Pierre Reyland

Ronn 42.000 Autoe goufen zejoert zu Lëtzebuerg nei ugemellt - ëmmer nach vill, mee ronn fënnef Prozent manner, wéi d'Joer virdrun, wou et och schonn e Réckgang gouf. Idem op EU Niveau. Do sinn d'Auto-Nei-Zouloossungen zejoert - mat 9,26 Milliounen - op dee niddregste Stand zanter bal 30 Joer gefall.

Manner Verbrenner, méi Elektro

Och um Autofestival zu Lëtzebuerg, deen nach bis muer dauert, rullt et méi lues. D'Leit kafen einfach manner nei Autoen, ass bis elo de Constat. Wat awer net heescht, datt méi Leit bereet sinn, op den Auto ze verzichten. Well den aktuelle Réckgang bei de Venten, soen d'Verkeefer, hätt ganz aner Grënn: Déi laang Liwwerzäiten, d'Penurie vu Semi-Conducteuren, déi héich Präisser an héich Zënsen; an d'Onsécherheet bei de Clienten, net, ob se so solle kafen, mee wat se solle kafen, wéi e Modell? Elektro, Hybrid, oder awer nach e Verbrenner? An dofir waarde vill Leit a kafe keen neien. Fir elo mol. Well iergendwann wäert et nees unzéien. Stéchwuert: Elektro-Autoen. Do war den Trend béi den neie Venten zejoert ëmgekéiert - plus fënnef Prozent zu Lëtzebuerg, a plus 28 Prozent an der EU. Ëmmer méi Leit bäissen un der Elektro-Offer un: Staatlech Subsiden; méi Luetstatiounen; besser Batterien; méi Autonomie; méi Choix bei de Modeller.

Zil sollt et sinn, den Individual-Verkéier ze bremsen

Nach geet dat alles zimmlech lues. Den Undeel vun Elektro-Autoen am gesamte Fuerpark bleift kleng: Zwielef Prozent waren et zejoert an der EU; an nëmme ronn dräi Prozent zu Lëtzebuerg. Mee d'Zukunft, wou ëmmer méi Elektro-Autoen duerch d'Géigend sausen ouni Zäregaser an d'Loft ze blosen, huet op d'mannst ugefaangen. Och wa se wuel ze spéit wäert kommen, fir d'Klimaerwiermung genuch ze bremsen.

Bremse muss een dann iergendwann och d'Elektro-Autoen, well et soss weider geet mat der Dominanz vum Auto zu Lëtzebuerg. Bei der Besteierung zum Beispill fuerdert de Mouvement Ecologique elo schonn e Malus-System, fir déi déck, grouss Elektro-Autoe méi ze besteieren, well se méi Batterie verbrauchen, an och soss Schied verursaachen, fir déi d'Auto-Besëtzer missten opkommen. Bei alle Virdeeler fir d'Ëmwelt dierfen d'Elektro-Autoen net ze vill attraktiv ginn. Well schliisslech geet et drëms, den Individual-Verkéier mam Auto ze reduzéieren. Esou wéi et am nationale Leitprogramm fir d'Raumentwécklung an am nationale Mobilitéitsplang fir 2035 steet. Manner Plaz fir d'Autoen, méi Plaz fir d'Leit.

An der Mediathéik:

Commentaire / / Pierre Reyland
Lauschteren

Méi zum Thema

Elektroauto
Elektromobilitéit

D'Naturparken Uewersauer, Our a Mëllerdall setze sech dofir an, datt am ländleche Raum méi mat Elektroautoe gefuer gëtt. Dofir hu si ee spezielle Guide mam Numm "GoElectric" ausgeschafft.

Elektroauto
Finanziell Ënnerstëtzung

Net nëmmen de Klimawandel, mee och den aktuelle geopolitesche Kontext géifen en Ëmklammen op erneierbar Energien enorm wichteg maachen. Ënnert anerem géif dofir d'Elektromobilitéit gefërdert ginn, sou d'Klimaministerin Carole Dieschbourg

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen