Radioen

On air

E-Lodie  |  Francis Gri - Lull Part 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerkschaft NGL-SNEP hofft op e Rapprochement mat der ALEBA

Armand Wildanger

Gewerkschaft NGL-SNEP hofft op e Rapprochement mat der ALEBA

Den neie President vun der Gewerkschaft NGL-SNEP hofft op e Rapprochement mam Bankesyndikat ALEBA: dat sot den Armand Wildanger de Moien am 100,7-Interview. Zil wier et, zesumme mat der ALEBA eng national Representativitéit ze kréien.

auto_stories

2 min

Den Armand Wildanger ass neie President vun der Gewerkschaft NGL-SNEP.

Eng Fusioun géif een awer op kee Fall fir direkt ustriewen. Op jidde Fall net, ier ee sech net wärend enger Testphas vun dräi Joer besser kenne geléiert hätt, sou den Armand Wildanger:

"Fir d'éischt muss ee jo mol dat Meedche kenne léieren, dat ee wëll bestueden. Eis schwieft eng Collaboratioun vir. Eng Fusioun, dat géif ze séier goen, dofir sinn nach ze vill Mémoiren do aus dem Passé op deenen zwou Säiten. Eng Fusioun ass ze séier, fir d'éischt eng Collaboratioun. 3 Joer, a wann een da gesäit, et ass Potential do fir eng Fusioun ... à la longue wäert et dat och sinn ... mee mir hunn ëmmer de Fehler gemaach, ze séier wëllen ze goen. An dat elo e Joer virun de Wale wëllen iwwer de Knéi ze briechen, ass mat Sécherheet net de richtege Wee."

D'Existenz vun der NGL-SNEP steet net um Spill

Bei de Sozialwalen 2024 géif den NGL-SNEP also nach eleng untrieden. D'Existenz vun der klenger Gewerkschaft stéing do awer net um Spill:

"Natierlech, et ass ëmmer e Barometer. Mee ech géif soen, eis Existenz hänkt net vun deene Walen of. Mir hunn eis an de leschte Joren eng Nisch erausgesicht, an der mir kënnen iwwerliewen - mat oder ouni Sozialwalen."

Wa si vun de Sozialwale géifen ofhänken, da wier d'NGL-SNEP well laang net méi do, mengt den Armand Wildanger. Dat géing awer net heeschen, datt een esou wéilt weiderfueren. Dowéinst wier een jo och a Gespréicher mat der ALEBA, seet den NGL-SNEP President.

Den NGL-SNEP ass 2008 aus enger Fusioun vun der Neutraler Gewerkschaft an dem FEP-Ofleeër SNEP ervirgaangen. En huet - eegenen Aussoen no - 3.300 Memberen, an wier haaptsächlech an de Secteure Gardiennage a Bau aktiv.