Radioen

On air

Notturno  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass net fir Alphabetiséierung op lëtzebuergesch

Educatioun

Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass net fir Alphabetiséierung op lëtzebuergesch

Den neie Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch hält näischt vun enger Alphabetisatioun op lëtzebuergesch an de Schoulen. "Eng Alphabetiséierung ass do, fir datt e Kand séier léiert léieren", sou de Pierre Reding. An deem Sënn wier et méi nëtzlech - a fir d'Integratioun och méi fërderlech - wann d'Offer vun enger Alphabetisatioun op franséisch géif ausgebaut ginn.

auto_stories

2 min

Den neie Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch wëll d'Lëtzebuergescht am Alldag méi visibel maachen, hie wëll méi Gewiicht leeën op dat mëndlecht lëtzebuergesch, eng Léisung fannen, wéi d'Lëtzebuergescht op EU-Niveau soll ugesi ginn a virun allem esou vill Punkte wéi méiglech aus dem Aktiounsplang ëmsetzen, dee säi Virgänger Marc Barthelemy him hannerlooss huet.

Manktem am Enseignement

Wat d'Demande vu villen Enseignanten ubelaangt, fir méi didaktescht Material ze kréien, wier scho villes do an aneres ënnerwee, sot de Pierre Reding. E Manktem gesäit hie virun allem an engem ganz bestëmmte Beräich. Bis elo gouf et ëmmer nëmme Material fir de Lëtzebuerger, dee Lëtzebuergesch kann, sou datt et selbstverständlech wier, datt een déi Sprooch kann, ënnersträicht de Pierre Reding.

"Ech si frou datt mir elo en Aarbechtsgrupp hunn, ë.a. och opgrond vun den internationale Schoulen, wou gekuckt gëtt, wéi brénge mir de Kanner, déi net vun Ufank un an eiser Schoul waren oder vu baussen an d'Schoul erakoumen, lëtzebuergesch bäi."

Efforte fir dat mëndlecht Lëtzebuergesch

De Marc Barthelemy - deen den 31. Dezember als Commissaire fir d'Letzebuerger Sprooch a Pensioun gaangen ass - huet sengem Nofollger e voluminéisen Aktiounsplang hannerlooss, deen elo muss ëmgesat ginn. D'Regierung huet e gutt geheescht. De Pierre Reding ass mat allem, wat do virgesinn ass, averstanen. Hien hätt eventuell nach ee Punkt am Plang bäigesat: Efforte fir dat mëndlecht Lëtzebuergesch.

"Ech kréien ëmmer erëm Ufroen, déi Virbild-Funktioun hunn: wou kënne mir léiere proppert lëtzebuergescht ze schwätzen? An do musse mer och eppes maachen. Ech hu jo 50 Hausaufgabe kritt, dat wier dann déi 51., déi ech mir nach selwer géif derbäi schreiwen."