Radioen

On air

Trendscheif  |  Florence Adooni - Uh-Ah Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logement: "Mir brauche Präislimitatioune fir d'Kris ze stoppen"

Logementsmarché

Logement: "Mir brauche Präislimitatioune fir d'Kris ze stoppen"

D'Wunnengspräisser misste limitéiert ginn, huet den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale de Moien am Virfeld vun de Logementsassisë gefuerdert.

auto_stories

2 min

Fir datt Wunnengen erëm géife bezuelbar ginn, misst ee Loyerslimitatiounen aféieren, déi sech un deem orientéieren, wat d'Locatairen effektiv kënne bezuelen, esou de Gilles Hempel am 100,7-Interview. Wann ee wéilt evitéieren, datt d'Präisser weider duerch de Plaffong ginn, da misst een e Maximalpräis pro Meter carré festleeën.

"Mir mussen op alle Niveauen d'Präisser reguléieren, wa mer wëllen aus der Kris erauskommen, mee ech fäerten awer, datt et do am Moment um politesche Wëlle feelt, a vlläit och esou guer un enger Majoritéit insgesamt am Land feelt fir esou Mesuren duerchzesetzen, well de Gros vun de Leit huet jo schonn."

Leit déi Schwieregkeeten hätte fir sech eng Wunneng ze leeschten, kéinten iwwerdeems dacks net mat wielen, well se kee Lëtzebuerger Pass hätten, betount de Gilles Hempel.

Gilles Hempel: Et mussen Ännerungen um Gesetz virgesi ginn

Den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale erwaart sech en Entgéintkomme vum Logementsminister. Am Moment géif eng Gesetzespropos um Dësch léien, déi et ONGe praktesch onméiglech mécht selwer Sozialwunnengen ze bauen, esou de Gilles Hempel. Den AIS-Direkter huet de Moien hei op der Antenn gewarnt, déi aktuell Propos géif d'Loyeren, déi d'ONGe fir Sozialwunnenge kënne froen, ze staark limitéieren.

D'Tauxen déi de Moment am Gesetz virgesi wieren, géifen net duergoe fir e Prêt ze rembourséieren, deen ee misst maache fir e Projet kënnen ze realiséieren.

"Mee ONGen, an d'Non-Profit-Acteuren, déi hunn déi Suen dann eben net. Déi mussen déi léine goen. An dofir hoffe mer op deem Punkt, well soss si mir eigentlech fäerdeg mat eiser Aktivitéit."