Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemengewalen a Wuesstumspolitik

Fräie Mikro

Gemengewalen a Wuesstumspolitik

Honnert Gemengen ziele mir deemnächst zu Lëtzebuerg. D'Zuel vun den Gemengeréit geet lues awer sécher erof, mee d'Gemenge ginn ëmmer méi grouss. D'Wuesstumspolitik stellt nei Erausfuerderungen um lokale Niveau, stellt de Laurent Moyse, Journalist an Auteur, am Fräie Mikro fest.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Am Ufank vum 20. Joerhonnert huet Lëtzebuerg 130 Gemenge gezielt, 1978 waren et der nach 120. Haut ginn et nach 102 Gemengen, an no de Walen am Juni ginn et der just nach 100. Wéi virun 20 Joer d'Landesplanungskonzept IVL virgestallt gouf, war rieds vun enger idealer Zuel vun 71 Gemengen. Fusioune sinn du mëttels finanziellen Ureizer encouragéiert ginn. Duerch den Zesummeschloss vun de Verwaltungen, mee och duerch déi demographesch Entwécklung, sinn d'Gemenge gewuess, an deen Trend geet haut monter weider.

Dat bréngt eng ganz Rei Konsequenze mat sech. Den urbane Raum hëlt ëmmer méi d'Iwwerhand a knabbert lues a lues déi ländleche Gebidder ewech. Och wann eis Stied nach zimmlech kleng am Verglach mat Groussstied am Ausland bleiwen, deene si sech weider aus. Besonnesch am Zentrum an am Süden lafen déi urban Raim ëmmer méi aneneen, et fiert een heiansdo vun enger Lokalitéit an déi aner, ouni grouss Trennung. Nëmmen ee Stroosseschëld mécht eis munchmol op d'Grenzlokalitéit opmierksam. Den urbane Raum huet eist Land staark verännert a stellt d'Politik viru grouss Erausfuerderungen, sief et am Logement, an der Mobilitéit, am Commerce oder am Ubau vun Industriesiedlungen.

Fir d'éischt méi Proporzgemengen

Dee Wuesstum huet och Konsequenzen op de Walmodus. D'Zuel vun de Majorzgemengen, also déi déi ënnert 3.000 Awunner leien, gëtt méi kleng. Fir d'éischt dëst Joer hëlt de Proporzsystem d'Iwwerhand: Vun den 102 Gemenge fueren der 56 nom Proporzmodus. Dat heescht an aner Wierder, datt d'politesch Parteie landeswäit um Gemengenniveau eng ëmmer méi grouss Roll spillen. Et ass e bëssche kontradiktoresch, datt Parteilëschte sech ëmmer méi duerchsetzen an engem Land, deem säi Walsystem staark op eenzel Persoune fokusséiert ass. Duerch de Panachage kann de Wieler nämlech weiderhi seng beléifste Kandidate wielen, ouni onbedéngt enger Parteilogik ze follegen. Ausserdeem fille sech vill Wieler net méi esou wéi fréier un eng ideologesch Richtung gebonnen. Gewielt ginn déi, déi ee sympathesch fënnt, an net onbedéngt déi, déi eng grouss Kompetenz hunn, zwou Charakteristiken, déi gär verwiesselt ginn.

D'Grenze vun der representativer Demokratie

Dëst Joer kënnt nach een Aspekt dobäi. D'Gemengewale fanne just e puer Méint virun de Chamberwale statt, wat alt erëm d'Fro vun den Duebelkandidaturen an Duebelmandater stellt. Hannert där Diskussioun, déi bei all Wahlkampagne net däerf feelen, stellt sech virun allem d'Fro vun der politescher Verantwortung. Doduerch dass de Proporzsystem sech ausbreet, mussen d'Parteien ëmmer méi Kandidate fannen, déi bereet sinn, sech op Lëschten ze setzen. Déi personell Entscheedunge falen an de Parteigremien, a riichte sech virun allem no der Perspektiv, e Maximum Stëmmen ze fänken. De Wieler huet nëmmen e begrenzten Afloss op déi zukünfteg Ausriichtung vun enger Regierung oder vun engem Schäfferot. Déi representativ Demokratie weist hei kloer hir Grenzen. Et gëtt awer kaum e System dee keng Schietsäite huet.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.