Livestream D'LSAP-Presidentin ka sech eng Neioplo vu Blo-Rout-Gréng virstellen

D'LSAP-Parteipresidentin seet an de nächste Méint géif sech weisen, ob LSAP, DP an déi gréng nach e gemeinsamen Zukunftsprojet hunn. Wann déi dräi Parteie sech virun de Walen an decisive Froen eens ginn, da kéint si sech virstelle mat der selwechter Koalitioun virun ze regéieren, esou d'Francine Closener.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Francine Closener
D'Francine Closener ass d'Presidentin vun der LSAP.

Dat géif awer net onbedéngt heeschen, datt déi dräi Regierungsparteie sech am Walkampf dann aktiv dofir ausschwätze mat hirer Dräier-Koalitioun virun ze fueren, esou d'Francine Closener. Wann een an der Steierfro allerdéngs kee Kompromëss fënnt, da wier et ganz schwéier sech nach eng Kéier iwwer e gemeinsame Projet eens ze ginn, betount d'LSAP-Presidentin.

F. Closener: D'Regierung ass elo gefuerdert

D'LSAP wëllt sech an der Diskussioun ëm Steiererliichterungen net mat zäitlech begrenzte Steierkreditter zefridde ginn. D'Parteipresidentin Francine Closener huet de Moien hei op der Antenn betount, mat all Indextranche, géif d'Steierlaascht fir d'Leit weider klammen - an dofir wier et elo un der Zäit d'Stéit nohalteg ze entlaaschten.

D'LSAP kéint sech eng Kombinatioun aus zäitlech begrenzten an aus strukturelle Mesurë virstellen. D'Regierung wier elo gefuedert fir innovativ Modeller ze fannen.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Nora Back 2
Upassunge bei de Steieren

De Budgetsdefizit, deen 2022 ronn 500 Milliounen manner grouss ass wéi erwaart, géif dat confirméieren, wat den OGBL ëmmer gesot hätt: De Steiersystem ass net gerecht a belaascht d'Leit onnéideg.

Gilles Baum, Josée Lorsché, Yves Cruchten
Kaarten op den Dësch

Wéi eng Steiererliichterunge kommen nach virun de Walen? De Gilles Baum wollt sech net dozou festleeën. D'Josée Lorsché plädéiert fir ee Steierkredit, den Yves Cruchten weist sech zouversiichtlech.

Jean-Claude Franck Kommentar
Walkampf

Fir d'Chamberwale si bei de grousse Parteien esou lues d'Spëtzekandidat:inne bekannt. D'Pläng vun der LSAP a vun der CSV sinn net ouni Risiko, mengt de Jean-Claude Franck.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen