Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Festival a wéineg Politik

Fräie Mikro

Vill Festival a wéineg Politik

De leschte Weekend war um Kierchbierg de Festival des migrations. Am Waljoer waren all d'Parteie mat hirer Prominenz gutt vertrueden. Déi wichteg Theeme vun der Immigratioun zu Lëtzebuerg goufen hei awer net ugeschwat. Wuel fir déi gutt Stëmmung net ze verdierwen.

auto_stories

4 min

Fir déi 40. Kéier gouf dese Week-end de Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté gefeiert. Laut den Organisateure sollt et eng Od un d'Liewen, eng Hymn fir d'Mënschheet, e Gedicht fir d'Diversitéit an déi kulturell Vermëschung sinn. Eng Vitrinn also vun deene verschiddenen Nationalitéiten, Kulturen an Traditiounen déi vun iwwerall op der Welt hire Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn an am Laf vun de Joren zu engem feste Bestanddeel vun eiser Gesellschaft goufen.

Zu der Diversitéit gehéieren och politesch Stréimungen an esou ass et dann och net verwonnerlech, datt niewent de Stänn vun deene verschiddenste Veräiner och déi national Parteie sech an Zeen gesat hunn. Ëmsou méi wou am Juni Gemengewale si fir déi och Net-Lëtzebuerger walberechtegt sinn an et kaum eng besser Plaz gëtt fir déi Clientèle unzeschwätze wéi dëse Festival.

Mee och déi national Wale geheien hire Schied viraus a wuel och dofir war vill Prominenz aus der Regierung an der Chamber present. Ob d'Immigratioun bei den nationale Walen am Oktober eng grouss Roll wäert spillen, ass wuel ze bezweifelen. An engem Land wat e groussen Deel vun sengem Räichtum den auslännesche Matbierger verdankt a wou bal d'Hallschent vun den Awunner net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, wier et awer net vu Muttwëll dem Theema méi Gewiicht ze ginn.

Maison de retour: Net vill geschitt

Esou hätten d'Vertrieder vun de Parteien um Festival net wäit misste goen fir zum Beispill ee vun de manner glamouréisen Aspekter vun der nationaler Immigratiounspolitik ze gesinn. Déi sougenannte SHUK, Ofkierzung fir Structure d'hébergement d'urgence du Kirchberg. Eng Hal vun der Luxexpo an där Zelter mat Feldbetter sti fir Leit, déi am falsche Land Asyl gefrot hunn an dofir hei ënnerbruecht gi fir se am A ze halen. Sie konnte Samschdes owes leider net bis zum Schluss bleiwen, well se spéitstens um eelef Auer an der SHUK musse sinn. Hale si sech net drun, da riskéieren se ganz agespaart ze ginn um Findel am Centre de rétention.

Zënter 2013 huet déi aktuell blo-rout-gréng Koalitioun an hirem Programm d'Schafe vun enger Maison de retour stoen. Nom Virbild vun änleche Strukturen am Ausland soll esou de Retour méi mënschlech organiséiert ginn mat dem Zil, d'Zuel vun deenen ze verréngeren, déi verschwannen a kuerz Zäit méi spéit an engem aneren EU-Land an änlech prekärer Situatioun nees fonnt ginn. Geschitt ass an dem Punkt awer bis elo näischt Konkretes.

Et wier dofir gutt wann d'Parteie kloer Faarf bekenne géifen. ob si weider eleng op déi repressiv Schinn setzen, oder endlech Neel mat Käpp maache fir d'Ausweisungen anescht ze gestalte wéi bis elo.

D'Gemengepolitiker si gefuerdert

Och um Kierchbierg steet en anert Gebai wat a leschter Zäit fir Schlagzeile gesuergt huet als Beispill vun de Grenze vun der Lëtzebuerger Hospitalitéit, des Kéier virun allem entgéint den ukrainesche Flüchtlingen. De Bâtiment T, e Bürosgebai wat fir d'Cour de justice gebaut gouf an elo als Foyer déngt fir iwwert 1.000 Mënschen aus der Ukrain, déi sech ëmmer méi beschwéieren iwwert schlecht hygienesch Zoustänn an eng rigid Organisatioun déi ee richtegt Ukommen a Wuelfille schwéier maachen.

Fir dësen neien Provisorium net zu engem Dauerzoustand ze maachen, sinn och a virun allem Gemengepolitiker gefuerdert, vun deenen der vill an duebeler Funktioun an der Chamber sëtzen. Well ouni d'Gemengen an ouni de Wëlle vun deene lokale Responsabelen allem Widderstand zum Trotz bei hinnen dezentraliséiert an adaptéiert Opfangstrukturen ze schafen, wäerte weider eidel Bürosgebaier musse méi schlecht wéi recht ëmfunktionéiert gi mat alle Problemer déi dat mat sech bréngt.

Mee villäicht konnten e puer Ukrainer déi politesch Vertrieder um Festival dorop uschwätzen. Well anescht wéi d'Gäscht aus der SHUK hu si wéinstens kee Couvre-feu a konnte bis zum Schluss bleiwen.