Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Destroyer - It Takes A Thief

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Conter: Buergermeeschtesch "erféiert" iwwer Ofbau bei DuPont

Chemieproduzent

Conter: Buergermeeschtesch "erféiert" iwwer Ofbau bei DuPont

D'Buergermeeschtesch vu Conter seet si wier "erféiert", datt DuPont Teijin Films 160 Aarbechtsplazen an hirer Gemeng wëllt ofbauen.

auto_stories

1 min

Si wier vun der Nouvelle "iwwerrascht" ginn, datt de Chemieproduzent zwou Produktiounslinne wéilt zoumaachen, seet d'Marion Zovilé-Braquet.

"Ech muss soen: Et huet mer e bëssen d'Been ewech geschloen, ech war wierklech immens erféiert. Dat si 60 Prozent vun de Leit, déi do schaffen, wou d'Aarbechtsplaz um Spill steet."

Als Gemeng géif ee sech all puer Méint mat der Direktioun gesinn an Informatiounen austauschen. Si hätt iwwer d'Plang vun DuPont awer bis elo näischt matkritt.

"Et deet mir immens Leed. Mir hunn och elo geschwënn d'Generalversammlung vun den Anciene vun DuPont, wou ech invitéiert sinn, an dat wäert keng flott Ambiance do ginn denken ech."

Ob déi Decisioun fir 160 Aarbechtsplazen ofzebauen definitiv wier kéint si net beurteelen, esou d'Conter Buergermeeschtesch.