Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Thomas Galli: Vill Prisonge kéinten zougemaach ginn

Neie Prisong zu Suessem

Thomas Galli: Vill Prisonge kéinten zougemaach ginn

​Den neie Prisong fir 400 Prisonéier zu Suessem wier net néideg gewiescht. Där Meenung ass den däitschen Affekot, Buchauteur a fréiere Prisongsdirekter a Sachsen Thomas Galli. Wéinst den zousätzleche Plaze géifen d'Geriichter an d'Parquete Verdächteger am Zweiwelsfall éischter an dëse Prisong stiechen a sech keng Gedanken iwwert Alternative maachen, esou seng Kritik.

auto_stories

1 min

Den Thomas Galli ass Buchauteur a fréiere Prisongsdirekter a Sachsen.

Negativ um Lëtzebuerger System wier déi héich Zuel un Untersuchungsprisonnéier an déi laang Dauer vun der Untersuchungshaft, seet den Expert Thomas Galli. Hien ass der Meenung, datt vill Prisonge kéinten zougemaach ginn. Et géif awer net dorëm goen, d'Prisongen ouni Alternativ vun haut op muer ofzeschafen. Et géif schonn Iddien a Méiglechkeete fir alternativ Weeër ginn, wéi zum Beispill Foussfesselen oder Aarbecht fir d'Allgemengheet. Fir dës Alternative méi oft z'applizéiere bräichten d'Politiker awer vill Courage, seet den Thomas Galli.

"Vor allem müsste es ihm oder ihr tatsächlich um die Sache gehen. Man dürfe nicht darauf schielen, das nächste Mal widergewählt zu werden, sondern man muss wirklich auch was riskéieren."

Den neie Prisong zu Suessem war am Dezember d'lescht Joer offiziell opgaangen. De Bau hat iwwer 170 Milliounen Euro kascht. Den Thomas Galli mengt, datt dëse Bau éischter Deel vun enger geféierlecher Entwécklung gewiescht wier. Sou laang et esou vill Platzen an Untersuchungshaft gëtt, géifen sech de Parquet keng Gedanken driwwer maachen, ob eng Alternativ duergaange wier.


De Mëttwoch Owend hält de fréiere Prisongsdirekter Thomas Galli zu Dummeldeng eng Konferenz iwwer de Sënn vu Prisongen.