Mouvement Ecologique Blanche Weber: Keen Datenzenter zu Biissen wier grousse Succès

D'Presidentin vum Mouvement Ecologique seet et wier e "grousse Succès", datt et elo esou ausgesäit ewéi wa Google awer keen Datenzenter zu Biisse géif bauen. De Mouvement hätt dee Projet vun Ufank u kritiséiert, well Google net oppe geluecht hätt, wéi vill Waasser an Energie den Zenter zu Biisse géif brauchen, seet d'Blanche Weber.

Rick Mertens (Interview) Lisa Lahos (Web) / cz

Blanche Weber
Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique (Foto: Chris Zeien)

Google hätt déi Donnéeën ni oppe geluecht gehat. De Mouvement Ecologique hätt déi ganzen Zäit gesot, datt si hir Oppositioun géife bäibehalen, wann dat net oppe wier.

Betriber mussen "Nohaltegkeets-Check" bestoen

De Mouvement fuerdert dofir datt Betriber, déi op Lëtzebuerg wëlle kommen, an Zukunft mussen e "Nohaltegkeets-Check" bestoen. Si bräichten eng Gesetzgebung an där kloer steet, datt ee Betrib déi natierlech Grenze vun dësem Land misst anhalen.

"Mat der wirtschaftlecher Entwécklung, déi mir hu si mir nämlech net on track fir eis natierlech Ressourcen net all opzebrauchen, datt mir nach nokomme mam Logement, an datt mir nach nokomme mat der Mobilitéit. Wéi kann ee Wirtschaftsstandard ausgesinn, deen einfach de Grenze vu Lëtzebuerg Rechnung dréit."

De Premier Xavier Bettel hat d'lescht Woch no enger Entrevue mat der Chefetage vu Google bei RTL gesot, den Internetkonzern géif den Datenzenter zu Biissen net méi als "Prioritéit" gesinn.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Blanche Weber
Klima

"Irresponsabel an net méi ze erdroen", nennt d'Presidentin vum Mouvement écologique d'Inertie vun eenzele politeschen Acteuren an der Klimafro. Den Tankrabatt wier ee komplett falscht Signal, seet d'Blanche Weber.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen