Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Webinar: AI an der Schoul - méi wéi nëmmen ChatGPT

SCRIPT

Webinar: AI an der Schoul - méi wéi nëmmen ChatGPT

Wat ass Artifiziell Intelligenz? Wat musse Schülerinnen a Schüler iwwert de Fonctionnement vun AI wëssen? Wat fir e Basiswësse brauch jiddwereen? Wéi kënnen Enseignanten zesumme mat verschiddenste Bots, Programmer an Applikatioune schaffen, fir d'Léieren ze verbesseren? Ënner anerem dës Froe ginn an dëser Editioun vum Webinar vum Script a vum radio 100,7 beäntwert.

auto_stories

2 min

AI ass scho laang keng Zukunftsmusek méi, mee an eiser Gesellschaft ukomm. Mir profitéieren all Dag vun de Méiglechkeete vun AI, an dat a bal alle Liewensberäicher, online beim Akafen, an der Medezin, an der Finanzwelt, an der Industrie, awer och am Militär oder nach an der Justiz. Dacks si mer eis mol net bewosst, mat wéi vill artifizieller Intelligenz mer ze dinn hunn.

Well Schoul op d'Liewe virbereet, ka se de Phenomeen AI net einfach ignoréieren oder just hallefhäerzeg behandelen.

Dobäi stellen sech vill Froen: Wat ass Artifiziell Intelligenz? Wat musse Schülerinnen a Schüler iwwert de Fonctionnement vun AI wëssen? Wat fir e Basiswësse brauch jiddwereen?


Invitéiert fir dëse Webinar sinn:

Daniela Hau

Responsable de Division SCRIPT, zoustänneg fir Innovatiounen an der Schoul

Fabrice Roth

Direkter vum Lycée des Arts et métiers (LAM)

Lukas Held

Philosophieprofesser am Jongelycée an der Stad a Formateur IFEN

Prof.Dr. Till Dembeck

Associate Professor op der Universitéit Lëtzebuerg, Leader vum Institut für deutsche Sprache, Literatur und für Interkulturalität

Moderatioun: Natasha Ehrmann

Jidderee ka seng Froen iwwer d'Thematik stellen, iwwer d'Emailadress fro@webinar.lu, oder d'Whatsapp Nummer 621 44 00 44