Radioen

On air

Notturno  |  Kenny Garrett - Hargrove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Lénk: "De Serge Tonnar geet net fir eis mat an d'Gemengewalen"

Gemengewalen

Déi Lénk: "De Serge Tonnar geet net fir eis mat an d'Gemengewalen"

Nieft der Stad a Schëffleng, hunn déi Lénk och nach Lëschten zu Esch, zu Déifferdeng, Diddeleng, Suessem a Péiteng. Zu Miersch géifen déi Lénk iwwerdeems net untrieden, esou d'Carole Thoma. Hei war ënnert anerem de Serge Tonnar als Kandidat fir Déi Lénk am Gespréich. De bekannte Museker geet deemno net fir d'Partei an d'Gemengewalen. Hie wär awer weider fir Déi Lénk aktiv, esou d'Parteispriecherin.

auto_stories

2 min

D'Carole Thoma ass Co-Parteispriecherin vun déi Lénk. (

De Serge Tonnar wäert net fir déi Lénk mat an d'Gemengewale goen, seet d'Parteispriecherin Carole Thoma. De bekannte Museker hätt zwar an der Gemeng Miersch mat dru geschafft fir eng Kandidatelëscht fir déi Lénk op d'Been ze stellen. Dat wier awer aus "ënnerschiddleche Grënn" näischt ginn, esou d'Carole Thoma. An awer, wier de Serge Tonnar weider an der Partei aktiv.

"Also, de Serge Tonnar huet sech um leschte Kongress an eis national Koordinatioun wiele gelooss. Dat ass kee Geheimnis, dat ass oppen. Wat elo d'Chamberwalen ugeet, do hu mer wierklech nach net un eise Lëschte geschafft. Ech weess net, ob hien dorun interesséiert ass. Ech weess net, ob dat eng Optioun ass oder net. Dat kann ech elo nach net soen."

Komplett Lëschten a 7 Gemengen

Déi Lénk wäerten a siwe Gemenge mat eegene Lëschten an d'Wale goen, seet d'Parteispriecherin vun déi Lénk. Anescht wéi bei de leschte Gemengewale wäerten déi Lénk dës Kéier och zu Schëffleng untrieden, esou d'Carole Thoma.

Nieft der Stad trieden déi Lénk domat dës Kéier just a Gemengen am Süde vum Land un. An d'Carole Thoma verstoppt och net, datt et fir hir Partei schwéier ass an aneren Deeler vum Land Fouss ze faassen.

D'Nordsektioun vun de Lénke géif zum Beispill de ganzen Norden iwwergräifen. D'Partei hätt a verschiddene Gemengen awer just een oder zwee Sympathisanten an dat géif net duergoen, fir eng komplett Lëscht opzestellen. Dofir bräicht et wéinstens véier Léit déi d'Organisatioun iwwerhuelen, sou d'Carole Thoma.