Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Heeschen a Mënschenhandel

Fräie Mikro

Vum Heeschen a Mënschenhandel

Den Heescheverbuet an der Stad gëtt och domat begrënnt, datt een esou géif géint Mënschenhandel virgoen. En absurd Argument, well een d'Affer dovunner net ka bestrofen a just déi sanktionéiert, déi net vu Mënschenhandel betraff sinn, mengt de Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Foto: Gilles Wunsch

All Form vun Heesche soll vu Moies bis Owes a groussen Deeler vun der Stad verbuede ginn. Fir dës Verbuetspolitik ze begrënne gëtt argumentéiert, et wéilt een esou och géint Mënschenhandel virgoen, deen dacks mam Heesche verbonne wier.

Zwar kënnen déi politesch Verantwortlech keng Zuelen nennen, déi dës Behaaptung géif beleeën, an dach gëtt dat Argument reegelméisseg widderholl. D'Zil dovunner ass esou banal wéi effikass. De Public iwwerzeegen, datt ee géint Kriminalitéit virgeet andeems den Heescherte verbuede gëtt an der Strooss ëm Suen ze froen.

Kontraproduktiv Logik

Woubäi des Logik elle klemmt. Dem vermeintlechen Affer vu Mënschenhandel soll gehollef ginn andeems et bestrooft gëtt fir eppes wouzou et gezwonge gouf. Well déi déi mat der Geldstrof sanktionéiert ginn, dat sinn net d'Profiteure vum Verbriechen dat angeblech soll bekämpft ginn, mee déi déi op der kaler Strooss sëtze fir ze heeschen.

Datt Affer vu Mënschenhandel dacks selwer sanktionéiert ginn fir Doten déi se net fräiwëlleg begaangen hunn ass e Phenomeen dat een an all Forme vun dëser Kriminalitéit erëm fënnt. Sief et well se onerlaabt geschafft hunn, net sozialverséchert waren oder mat ongültege Pabeieren an d'Land komm sinn.

Wann awer d'Victime vum Mënschenhandel fäerte muss selwer bestrooft ze ginn, da riskéiert si sech net un d'Autoritéiten ze adresséieren. Duerch de Risiko vu Sanktioune gëtt och géint d'Verflichtung verstouss den Affer Bäistand ze leeschten. Déi steet esou an der europäescher Konventioun géint Traite des êtres humains, déi och Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet.

Déi falsch gi bestrooft

Zwar gesäit eise Code pénal fir, datt een net ka bestrooft ginn, wann een ënnert Zwang gehandelt huet, mee dofir muss ee fir d'éischt als Affer unerkannt ginn. A genau do bäisst d'Kaz sech an de Schwanz. Wann all Form vun Heesche verbuede gëtt, da probéiert ee jo guer net eraus ze fannen, ob déi Persoun dat aus fräie Stécker mécht oder net. Et bestrooft ee fir d'éischt mol jiddereen an iwwerléisst et dann deene Betraffene selwer ze beweisen, datt si dozou gezwonge goufen.

Geléngt hinnen dat net, da musse si d'Strof bezuelen. An dat weist déi ganz Absurditéit vum Argument, et géif ee géint Mënschenhandel virgoen. Am Endeffekt gi just déi bestrooft, déi fir sech decidéiert hunn, et bléif hinne soss keen Auswee, wéi d'Hand auszestrecken. Also déi Persounen, déi näischt mat Mënschenhandel ze dinn hunn.

D'Recht aner Leit fir Hëllef ze froe gouf vum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter als eng elementar Fräiheet ugesinn, an déi een net onverhältnesméisseg agräifen dierf.

Wat awer ass méi onverhältnesméisseg wéi e Verbuet ënnert dem Virwand eng Zort vu Kriminalitéit ze bekämpfen, wat just déi bestrooft, déi grad net vun der Kriminalitéit betraff sinn?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.