Radioen

On air

De Weekend  |  Otis Redding - Shake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ADR wëllt gestäerkt aus den nächste Wale goen

Gemengewalen

D'ADR wëllt gestäerkt aus den nächste Wale goen

D'ADR wéilt déi véier Sëtz, déi se am Moment um kommunalen Niveau huet, op d'mannst behalen, a fir de Recht gestäerkt aus de Wale vum nächste Sonndeg ervirgoen. Dat seet d'Vize-Presidentin der Partei Pierrette Koehler am 100,7-Interview, ouni sech awer op eng prezis Zuel vu Mandater wëlle festzeleeën, déi solle bäikommen. Programmatesch geet d'ADR mat ronn 100 konkrete Propositiounen an d'Walen. Eng dovun ass: méi Biergerbedeelegung mat kommunale Referenden.

auto_stories

2 min

Konkret sollt een d'Bierger, der ADR no, mat abannen, wa gréisser Projeten an enger Gemeng ustinn, zum Beispill Bauten oder nei Wunnquartieren. D'Pierrette Koehler ass och net der Meenung, datt da keng gréisser Projete méi an de Gemenge géife realiséiert ginn.

"Et geet jo och net nëmmen ëm nei Wunnquartieren, mee och ëm grouss Schoulen oder wann Infrastrukture mussen erneiert ginn oder sou Saachen. Do sollten d'Leit awer scho matschwätze kënnen."

Och déi national Politik an der Verantwortung

D'ADR huet och 100 konkret Propositiounen an d'Walen. Eng dovun ass: fir e moderate Wuesstum, woubäi d'Pierrette Koehler net verstoppt, datt déi Fuerderung net um kommunale Plang ze léisen ass.

"D'Gemenge kënne kucken, hire Wunnengsbau an dat alles e bëssen ze kontrolléieren, fir datt se mat hiren Infrastrukture bäikommen. Awer dat muss een um nationale Plang léisen."

"Keng auslännerfeindlech Partei"

D'ADR wier och keng auslännerfeindlech Partei, sou d'ADR-Vizepresidentin Pierrette Koehler. Si huet ervirgehuwen, datt d'ADR bei de Gemengewalen 2023 auslännesch Kandidaten a Kandidatinnen op hire Lëschten hätt. Wat d'Walrecht fir Auslänner betrëfft, bleift d'ADR awer derbäi, datt dat nëmme fir d'Gemengewalen, mee net fir national Wale soll gëllen, sou d'Pierrette Koehler.

D'ADR kandidéiert den eelefte Juni an eelef Proporzgemengen: Siwen am Süden, dräi am héijen Norden an d'Stad Lëtzebuerg. Eelef Lëschten, dat ass eng méi wéi viru sechs Joer. Nei ass d'Presenz zu Keel an zu Elwen, zu Déifferdeng trëtt d'ADR déi Kéier net méi un.