Déi Liberal verspriechen an hirem Walprogramm ënnert anerem, datt se d'Steiertabell an der nächster Legislatur reegelméisseg un d'Inflatioun géifen upassen. D'Carole Hartmann preziséiert awer, dat soll nëmme passéieren, wann et och genuch Spillraum dofir am Staatsbudget gëtt.
"Et geet eis net drëms fir ze soen, mir maachen elo dat oder dat direkt. Et geet drëms fir ze soen: Mir wëlle weider reegelméisseg d'Steiertabell un d'Inflatioun upassen, mee mir wëllen eis do elo net e fixen Timing ginn."
Et géif also vu Fall zu Fall decidéiert ginn, huet d'Carole Hartmann op Nofro hi preziséiert.
Fir eng eenheetlech Steierklass
D'DP wëllt dofir suergen, datt d'Liewenssituatioun an Zukunft net méi definéiert, wéi ee besteiert gëtt: Et wier "veraalt", fir Leit, déi eleng Liewen anescht ze besteieren, wéi Leit, déi an enger Koppel liewen, esou d'DP-Generalsekretärin Carole Hartmann.
D'DP géif dofir un hirer Propos festhale fir eng eenheetlech Steierklass anzeféieren, esou wéi d'Partei et och scho virun de leschte Chamberwale proposéiert hat.
"Et ass eis Ambitioun fir déi Steierreform do ze maachen. Mir hätte se gären an dëser Legislatur scho gemaach. Mir waren awer der Meenung, datt et méi opportun wier fir an deene Krisen, wou mir dra waren, de Leit direkt ënnert d'Äerm ze gräifen. An esou eng Steierreform ass och keng, déi ee vun haut op muer mécht. Dat ass schonn eng grouss Verännerung."
Der Carole Hartmann no géif et duerchaus Sënn maachen, fir direkt no de Walen dës Reform ze preparéieren. Dat, well esou eng Steierreform vill Aarbecht géif mat sech bréngen.