D'Carole Muller, d'Presidentin vun deem Patronatsverband seet, d'Zil dovu wier net dee Mechanismus ofzeschafen, mee fir de Modell ze veränneren. Vill Betriber géifen déi vill Indextranchen aus de leschte Méint nëmme schwéier oder guer net méi packen. Déi Diskussioun misst een och lassgeléist vun enger Kris diskutéieren.
"Dat wier dat Ideaalt, fir eng Kéier roueg driwwer ze schwätzen. Datt d'Salairen eropginn, ech mengen dat brauchen d'Leit wann d'Liewenskäschten an d'Luucht ginn. Mee et kann net sinn, datt et Tabutheme ginn wou ee ka soen, mir diskutéieren net driwwer."
Keng Aarbechtszäitverkierzung, mee eng Flexibiliséierung
D'Luxembourg Confederation, déi fréier CLC ass dann och strikt géint eng allgemeng Verkierzung vun der Wochenaarbechtszäit. Dat widderhëlt d'Presidentin vum Patronatsverband, deen eng 1.800 Betriber aus de beräicher Handel, Transport an Zerwisser regruppéiert. D'Carole Muller plädéiert éischter dofir, de gesetzleche Kader an deem Sënn opzeweechen, datt een am Betrib individuell Arrangementer mat deene Salariéë ka fannen, déi hir Aarbechtszäit adaptéiere wëllen.
"Et geet haaptsächlech drëm, méi individuell op d'Salariéen anzegoen an ze soen: Et si Perioden am Liewe wou ee gewëllt ass méi ze schaffen, et sinn awer och Perioden am Liewen wou een hofft manner ze schaffen."